Buch-Tipp fir de Summer

radio 100,7

Summer, Congé, Vakanz ... Momenter, wou een Zäit a Loscht huet, an e flotte Roman eranzedauchen. Mee wat soll ee liesen? Dacks kléngen d'Beschreiwunge ganz villverspriechend, fir sech duerno als langweileg, gehaltlos an zäitverschwenderesch ze entlarven.

D'Mataarbechter vum radio 100,7 liese sech duerch vill nei Publikatiounen. Déi Bescht stelle si vir. Literatur aus aller Welt ass vertrueden.

Karl-Heinz Ott - Endlich Stille

Wéi wäit decidéiere mir selwer iwwert eis Handelen? Dës Fro stellt sech den Ich-Erzieler, groussen Unhänger vum Spinoza. Datt et net wäit hier ass mat der Selbstbestëmmung, weist den däitsche Schrëftsteller Karl-Heinz Ott an dësem Roman mat sengem Protagonist, deen op emol säi gewinnten Alldag ganz ëmstelle muss, fir enger Persoun lass ze ginn, déi hie guer net bei sech wëll hunn. Wat hie sech méi géint d'Presenz vun dësem penetrante Mënsch probéiert ze wieren, ëm sou manner geléngt him dat.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen