Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

De Jean-Claude Leners iwwert seng humanitär Missioun

De Jean-Claude Leners ass Dokter zu Ettelbréck. Hien engagéiert sech, nieft senger medizinescher Aarbecht zu Lëtzebuerg, regelméisseg an humanitäre Missiounen fir déi däitsch ONG "German Doctors" uechter d'Welt.

Virun dräi Wochen ass hie vu senger 15. Missioun zréckkomm. Dës Kéier war hien am Asaz op de Philippinnen bei de Mang-yans, de sougenannten Native People an engem klengen Duerf zu Mindoro.

Wéi huet seng Missioun dohannen ausgesinn? De Jean-Claude Leners erzielt um Mikro vum Tessy Steffen Koenig.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Riicht eraus mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza

    S. Allegrezza.jpg

    An der Emissioun Riicht eraus e Sonndeg leeë mir Zuelen op den Dësch. Mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza geet rieds iwwer déi vill Statistiken, déi de STATEC fir d'Bierger, d'Politik an d'Entreprisë mécht.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen