Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Aftermath - The Rolling Stones

Et héiert ee wuel de Blues nach déi eng oder aner Kéier eraus, mä mat dësem Album gëtt den Duo Mick Jagger/Keith Richards "erwuessen" a komponéiert selwer - keng eng Coverversioun huet et op dëst Wierk gepackt. Mat "Mother's Little Helper" ass en absolute Klassiker am Repertoire, de Brian Jones hëlt geleeëntlech d'Sitar oder d'Marimba eraus, den Jagger ass och op der Mondharmonika ze héieren.

Den Titel "Goin' Home" op "Aftermath" (11:16) ass bis haut déi längste Studionummer, déi d'Grupp jee opgeholl huet. D'Kompositioun "Out Of Time" trieden déi zwee Stones-Auteuren un hire Landsmann Chris Farlowe of, dee mat dëser Nummer e weltwäiten Hit realiséiert. Parallel zum Album - awer net op deem vertrueden - kommen zwou Hit-Singlen eraus, "19th Nervous Breakdown" a "Paint It Black".

D'LP gëllt och haut nach ëmmer als eng vun de staarke Rolling Stones-Placken.

Presentéiert vum Fred Medernach

 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen