Buch-Tipp fir de Summer

radio 100,7

Summer, Congé, Vakanz ... Momenter, wou een Zäit a Loscht huet, an e flotte Roman eranzedauchen. Mee wat soll ee liesen? Dacks kléngen d'Beschreiwunge ganz villverspriechend, fir sech duerno als langweileg, gehaltlos an zäitverschwenderesch ze entlarven.

D'Mataarbechter vum radio 100,7 liese sech duerch vill nei Publikatiounen. Déi Bescht stelle si vir. Literatur aus aller Welt ass vertrueden.

Natascha Wodin - Sie kam aus Mariupol

"Wann s du gesinn häss, wat ech gesinn hunn.." d'Natascha Wodin kritt dës Wieder ëmmer erëm vun hirer Mamm ze héieren, mee eréischt en halleft Joerhonnert nom Suicide vun der Mamm versteet di ukrainesch-däitsch Schrëftstellerin dës Ausso. Duerch Zoufall stéisst si op enger Sichmaschinn op de Numm vun hirer Mamm an op di ukrainesch Stad Mariupol. Di ganz Geschicht vun hiren Virfahren, déi  iwwer di enorm Fläch vun der fréierer Sowjetunioun verstreet ass, an déi d'Natascha Wodin mat onendlecher Energie a Gedold opdeckt an wéi e Puzzle zesummesetzt,  geheit net just e ganz neit Liicht op hier Ahnen, op di sowjetesch an däitsch Vergaangenheet,  mee hëlt se och aus dem Schied vum Vergiessen eraus.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen