Rockultur

Mike Tock

De Mike Tock rockt eng Stonn duerch Indie a Garage, Punk a Psychedelic, Alternativ a Crossover. Mat neie Sortien a Concerts-Propositiounen, mat déckem Gas a coole Beats. Tock'n'Roll eben ...

D'Bühn fir elektronesch Musek war spektakulär

Dat war den Dour Festival

Vum 12. bis de 16. Juli war déi 29. Editioun vum Dour Festival. 242.000 Museks-Fans goufen dëst Joer gezielt. Dat ass en neie Rekord.

Awer et ka gutt méiglech sinn, datt der vill dorënner d'nächst Joer net méi wäerten zeréck kommen. De Festival ass en Affer vu sengem eegene Succès ginn. Virun allem dat stonnelaangt Waarde wéinst Sécherheetskontrolle war inakzeptabel. Vill Leit hunn dowéinst carrement Concerte verpasst. Och de Site selwer war zu Stousszäiten iwwer saturéiert.

Musikalesch gesinn hunn op der Editioun 2017 vum Dour virun allem Artisten aus dem Beräich vun der elektronescher Musek iwwerzeegt. Et gouf kaum nei Gittaremusek, déi ee vum Hocker gerappt huet. Glänze konnte virum Elektronika-affine Public natierlech och d'DJen.

Den Yves Stephany kuckt mat gemëschte Gefiller zeréck op een intensive Weekend.

Playlist

  1. Blonde Redhead - 23
  2. Phoenix - Lisztomania
  3. Sleaford Mods - BHS
  4. Young Fathers - Am I Not Your Boy
  5. Wayne Smith - Under Me Sleng Teng
  6. Shobaleader One - Iambic 5 Poetry
  7. Lone - Alpha Wheel
  8. Machinedrum - Back Seat Ho
  9. Benedikt Frey - Out Of Here (Roman Flügel's Cosmic Disco Drama Remix)
  10. Nina Kraviz - Pochuvstvui
  11. Carl Craig - Darkness (feat. Francesco Tristano, Les Siècles & François-Xavier Roth)
  12. KiNK - Strings

De Francesco Tristano beim Carl Craig Versus Synthesizer Ensemble

Fotoe vun deene meeschten Acts aus der Emissioun fannt Dir um Facebook-Site vum radio 100,7.

Rezent Emissiounen

  • Blood Red Shoes

    Si hu grad am Virprogramm vun de Pixies gerockt. Fir d'Afterparty kënnt de briteschen Duo bei eis an de Studio en exklusiven DJ Set spillen.

  • Rockultur

  • Live Gigs

    Mat Live-Extraite vu Popa Chubby, Walter Trout an Ad van der Veen - zolitte Rock a méi filigrane Singer/Songwriting ...

  • Rockultur

    Sound vu gëscht mat Interprete vun haut, en dueble 'back in time' an e Rëckbléck op eis 'Album vun der Woch'-Lëscht ...

  • Dat war den Dour Festival

    Ee Réckbléck op dee gréisste Festival an der Wallonie.

  • Classic Rock

    Rock Klassiker, op am Original oder gecovered ... eng Rees an d'Sechzeger an d'Siwwenzeger

  • Ausbléck op den Dour Festival

    Solange, Kate Tempest an Jonwayne sinn ënnert den Headlinere vum gréisste Festival an der Wallonie. Den Dour ass vum 12. bis de 16. Juli.

  • Leonard Cohen in concert

    90 Minutten aus engem vun de läschte Concerte vum Leonard Cohen, opgeholl 2013 zu Dublin.

  • Classic rock live!

    Mat der Uergel vu Frumpy, de Gittare vu Wishbone Ash, der Mondharmonika vum Jagger, Lord/Page/Gillan an Topform plus de Mr. Slowhand!

  • Classic Rock Live!

    Eng Stonn "back in time" mat Concertsextraiten aus dem Beräich classic rock - fir erëmzehéieren oder fir z'entdecken.

  • Lennon/McCartney Songbook

    Den Duo John Lennon/Paul McCartney ass deen am meeschte gecoverten an der Rock- a Popgeschicht.

  • The Kills

    Déi ideal Astëmmung virum Optrëtt vu VV & Hotel op Esch/Belval!

  • Rockultur

    King Gizzard and the Lizard Wizard hunn en neien Disk erausbruecht.

  • Hold Your Head Up!

    Mam Live-Album vun de Zombies aus dem Shepherd's Bush Empire, Jazz-Rock vun If an e puer Ausflich an d'psychedelic rock-Zäit!

  • Out Of The Crowd 2016

    Eng Stonn rondrëm déi 13. Editioun vum OOTC, déi de Samschdeg, 30. Abrëll an der Kufa iwwert d'Bühn geet.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Time Out

  • Rockultur

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen