Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Roger Waters © Simone Cecchetti/Corbis

Amused to Death - Roger Waters

Fir dësen exzellenten, engagéierten Album vun 1992 huet den Ex Pink Floyd Leader Roger Waters sech nees eng Rei Iddien afale gelooss.

Ausgangspunkt ass en Af, deen d'Tëlee kuckt an vill zäpt. Op der Tëlee ginn eng Rei vu politeschen a sozialen Themen exploréiert, wéi deen éischte Golfkrich an den Titele "The Bravery of Being Out of Range" a "Perfect Sense". Mä och d'Mediewelt gëtt duerch hir Sensatiounssucht kritiséiert. De Manuel Ribeiro stellt den Album vir.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • The English guy is coming!

    Jim Kent.jpg

    "I'm really happy to be back on air in the Grand Duchy, which is where it all started for me and will endeavor to fill the airwaves with humorous and insightful observations on Luxembourg life combined with the best guests and music that you have come to expect from 100,7."

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen