Buch-Tipp fir de Summer

radio 100,7

Summer, Congé, Vakanz ... Momenter, wou een Zäit a Loscht huet, an e flotte Roman eranzedauchen. Mee wat soll ee liesen? Dacks kléngen d'Beschreiwunge ganz villverspriechend, fir sech duerno als langweileg, gehaltlos an zäitverschwenderesch ze entlarven.

D'Mataarbechter vum radio 100,7 liese sech duerch vill nei Publikatiounen. Déi Bescht stelle si vir. Literatur aus aller Welt ass vertrueden.

Maryse Condé - Le fabuleux et triste destin d'Ivan et d'Ivana

D'Maryse Condé ass mat hirem Buch "Moi, Tituba, sorcière ..." weltbekannt ginn. Déi op der Guadeloupe gebuere Schrëftstellerin thematiséiert d'Zäit vun der Kolonialisatioun a weist, datt d'Folge vun der Ënnerdréckung an der Erniddregung weider ze spiere sinn. An hirem am Mee 2017 publizéierte Roman verbënnt si net just d'Geschicht mat der Aktualitéit, mä och Kontinenter a Mënschen. Dës Rencontere sinn entlarvend an onangenehm ... E Liestipp vum Valerija Berdi.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen