Demokratie a Populismus

Populismus gräift, grad esou wéi Demokratie, op d'Vollek zréck. An trotzdem erschéngt de Populismus a ville Kritike quasi als Géigendeel vun der Demokratie. Et misst een also mengen, dat et verschidden Aart a Weise ginn, dem Vollek eng Stëmm ze ginn: demokratescher, ondemokratescher, an esouguer anti-demokratescher. Mee wat mécht de Populismus haut esou attraktiv bei de Wieler? An dat, trotz den offensichtleche Léien an trotz dem Onsënn, op deen e sech stäipt. Den Thierry Simonelli beliicht de Phenomen a senger Komplexitéit.

D'Vollek vum Populismus

De Begrëff vum Populismus bezitt sech op d'Vollek. Mä ëm wat fir ee Vollek handelt et sech dobäi? Ëm déi Multiplizitéit vu Leit mat verschiddenen Iwwerzeegungen, Glawen, Kulturen, Ethnien a Sproochen, déi d'Vollek vun de modernen Demokratien ausmaachen? Leider net. De Populismus appelléiert un en imaginäert Vollek, dat sech haaptsächlech duerch Identitéit an Ausschloss definéiert. Hannergrënn vum Thierry Simonelli.

Rezent Emissiounen

  • Populismus, Politik a Gefiller

    De Populist versprécht, wat scho laang am Geschwätz vun der Politik ënnergoung.

  • Stëmme vun der anerer Säit

    Fir ze verstoen, firwat Leit sech zum Populismus higezu fillen, muss ee kënnen un dëser Perspektiv deelhuelen.

  • Den diskrete Charme vum Populismus

    Den Interessi u populistesche Gedanken ass net nëmmen erschreckend grouss, mä e verdeelt sech an enger Aart a Weis, déi ee sech net esou kloer geduecht hätt. 

  • Populismus, Rietsextremismus a Faschismus

    Si Populismus, Faschismus a Rietsextremismus dat nämmlecht? 

  • Populismus un der Muecht

    Gëtt et esou eppes wéi Populismus un der Muecht? Doriwwer streide sech Experten nach haut.

  • Populismus als politesche Prozess

    Populismus trëtt seelen als Partei an dacks als politesch Bewegung op.

  • D'Vollek vum Populismus

    De Populismus appelléiert un en imaginäert Vollek, dat sech haaptsächlech duerch Identitéit an Ausschloss definéiert.

  • Vun der Representatiounskris zum Populismus

    D'Kris charakteriséiert sech duerch zwee allgemeng Phänomener: de Réckzuch vun de Bierger aus der Politik, an dee vun de Parteien aus der Verbindung mat der Wielerschaft.

  • Den Nierbuedem vum Populismus

    Zwee méi spezifesch Phänomener an dësem Kontext sinn d'Verännerunge vum Parteiesystem, an domatt verbonnen, d'Enn vun enger gewësser Zort vun Demokratie.

  • Anti-demokratesch Tendenzen an der Demokratie

    Demokratie ass eng komplizéiert Affaire. Esou komplizéiert, datt hire Géigendeel, d’Oligarchie, direkt an hirem Fonctionnement matugeluecht ass.

  • Populiste sinn ëmmer déi aner

    Populismus ass net esou einfach ze definéieren. Et ass sécher eng Zort vun Demagogie, eng Technik fir Wielerstëmmen anzefänken. Et ass och ëmmer e kritesche Begrëff.

  • Demokratie an Demagogie

    Demagogie ass net vun der Demokratie ze trennen. Wieler a Mënschemasse sinn duerch geschéckt Riedner a Manipulatiounstechnike beaflossbar.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen