Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur.

Neie Steierregime fir d'Propriété intellectuelle

Affekoten a Berodungsfirme begréissen, datt de Steierregime fir d'Propriété intellectuelle elo präziséiert gëtt - och wann de Gesetzprojet eng Rei Restriktioune mat sech bréngt. Vun de Steieravantagen ausgeschloss ginn an Zukunft Markennimm, an Internet-Domain-Nimm. Revenuen, déi iwwer Breveten an Droits d'Auteuren op Software generéiert ginn, bleiwen zu 80 Prozent steierfräi. Bréifkëschtefirmen ouni ekonomesch Substanz sollen net méi vun dësem Avantage kënne profitéieren. D'Pia Oppel huet mat Experten iwwert déi geplangten Ännerunge geschwat.

Rezent Emissiounen

  • Prett fir an d'Vakanz: Trends a Stëmmung an der Tourismusbranche

    Op der Vakanzefoire konnt ee sech fir déi nächst Vakanz informéieren. Mä wéi geet et der Tourismusbranche iwwerhaapt, a wat sinn déi aktuell Trends?

  • D'Gehir besser verstoen, fir besser Schoul ze halen

    De kanadesche Professer a Fuerscher Steve Masson huet op enger Konferenz de Lien tëscht dem Fonctionnement vum Gehir a Léierprozesser gemaach.

  • Héichwaasser op der Musel

    Déi Réimecher Leit sinn dru gewinnt, datt d'Musel periodesch iwwer hiert Ufer trëtt. Mee si sinn och ëmmer erëm frou, wann d'Waasser nees fort ass.

  • Mikrofinanzéierung zu Lëtzebuerg

    Zënter Mäerz 2016 gëtt et d'Mikrofinanzinstitut Microlux. Duerch dëse Finanzéierungssystem kréie Leit Sue geléint, déi kee Kredit bei enger Bank kréien.

  • Verspéidung an de Schoulen

    Mam ville Stau op eise Stroossen hunn och Schüler all Dag ze kämpfen a brauche mam ëffentlechen Transport méi laang wéi gewéinlech fir bis an d'Schoul.

  • "Mir si Rouspert-Mompecher"

    Zënter dem 1. Januar ginn et zu Lëtzebuerg just nach 102 Gemengen. Am Oste vum Land hu sech d'Gemenge Rouspert a Mompech zesummegedoen.

  • Fuel dumping

    Wéi staark ass Lëtzebuerg betraff, wa Fligeren iwwert Rheinland-Pfalz Kerosin ass hiren Tanken erausloossen? A wéi eng Gefore ginn et?

  • Gemengebebauungsplang vun der neier Generatioun

    Bis den aachten August dëst Joer mussen d'Gemengen deen allgemenge Bebauungsplang vun der neier Generatioun ausgeschafft an am Gemengerot ofgestëmmt hunn.

  • Réckbléck op d'Verkéierssituatioun 2017

    Wéi eng Virstéiss gouf et dëst Joer, fir den Autostraffic méi sécher a méi séier ze maachen? Wéi eng Mesurë si fir d'Zukunft geplangt?

  • Frankräich am Wandel

    2017 huet Frankräich markéiert. Als jéngste President gouf den Emmanuel Macron gewielt an huet déi traditionell Parteien hannert sech gelooss. E Réckbléck.   

  • Réckbléck Nationalitéitegesetz

    Iwwert 9.000 Leit hunn tëschent Abrëll an November déi lëtzebuergesch Nationalitéit ugefrot.

  • Wéi geet et Däitschland no de Wahlen?

    Viru bal dräi Méint gouf an Däitschland gewielt an nach gëtt et keng nei Regierung. SPD an CDU sinn an der Kris, d'AfD sëtzt am Bundestag.

  • Sowjetesch Zwangsaarbechter zu Lëtzebuerg

    Tëschent 1942 bis 1944 sinn eng 4.000 Sowjetbierger als Zwangsaarbechter op Lëtzebuerg komm: Dat Kapitel aus der Geschicht gëtt op der Uni opgeschafft.

  • D'Unisec ass zënter dem éischten November a Kraaft

    Véier Jugendlecher sinn aktuell an der zouener Sécherheetsunitéit fir Mannerjäreger zu Dräibur, déi zënter dem éischten November op ass.

  • Recrutementsproblemer vun Architekten an Ingenieuren

    D'Lëtzebuerger Architekten- an Ingenieursbüroe ginn d'Aarbecht bal net meeschter, hunn awer Problemer, fir déi richteg Leit ze fannen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

  • Panorama

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen