Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

International Etude iwwert Fraen an der Politik

Den Undeel vun de Fraen an der Politik ass an de leschte Joren an d'Luucht gaangen. Dat geet aus enger internationaler Etude vun der Interparlamentarescher Unioun ervir, enger Organisatioun, an där iwwer 170 national Parlamenter vertruede sinn. 1995 waren an de Parlamenter am Duerchschnëtt ronn 11 Prozent Fraen. Haut läit déi weltwäit Moyenne bei iwwer 23 Prozent. Lëtzebuerg kënnt am internationale Verglach hannert dem Südsudan op déi 52. Plaz. Hei am Land stagnéiert d'Entwécklung an dësem Beräich, bedauert d'Anik Raskin, Spriecherin vum nationale Fraerot um Mikro vum Armanda Scheuer.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen