World

Maria Gutierrez Fred Medernach

De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach

D'Tita Nzebi am Studio 7 vum Radio 100,7. Si guef begleet vum Ivan Rechard um Bass an dem Serge Ananou op der Gittar.

Music Is A Weapon

Grousst Virbild fir déi meescht Museker vum afrikanesche Kontinent ass den 1997 verstuerwene Nigerianer Fela Kuti, dee sech esouwuel mat de wäisse Kolonialhären, wéi och mat de schwaarze Militärregierungen a sengem Heemechtsland ugeluecht an domadder vill Museker encouragéiert huet, hir Stëmm géint Mëssstänn z'erhiewen.

Tiken Jah Fakoly (Côte d'Ivoire)

No der Publikatioun vu sengem Album "Francafrique" mat kriteschen Texter géint de Regime, huet den Tiken Jah Fakoly seng Heemecht, d'Côte d'Ivoire, 2003 verlooss. No Morddreeungen huet hien ëm säi Liewe gefaart. A senge Lidder verschount de Sänger och déi fréier Kolonialmuecht net, déi besonnesch wirtschaftlech um ganzen afrikanesche Kontinent aktiv ass an dofir dacks ewechkuckt, wann et ëm d'Mënscherechter geet, esou de populäre Reggae-Star.

Den Tiken Jah Fakoly huet de Reggae als Musekgenre geholl, fir seng Texter z'ënnerleeën, hie séngt haut gréisstendeels op franséisch, fir säin Uleies méi verständlech ze maachen. A senge Lidder hëlt hie gezielt Situatiounen a Personnagen ënnert d'Lupp ("Le Balayeur Balayé" handelt vum Generol Guëi, deen a sengem Land geputscht huet an duerno selwer huet missen d'Muecht an engem weidere Putsch ofginn) oder awer hie mécht op allgemeng Problemer an Afrika opmierksam, besonnesch op Korruptioun an op d'Ännerunge vun der Verfassung: d'Verlängerung vun de Presidente-Mandater ass déi neisten 'Trouvaille' vu ville Regimmer, fir sech net mussen demokratesche Wahlen ze stellen.

Lapiro de Mbanga (Kamerun)

De Lapiro de Mbanga krut wéinst sengem Lidd "Constitution constipée" 2008 Problemer mam Regime vum Paul Biya am Kamerun. An engem Land wou den Analphabetismus héich ass, kënnt dem Lidd an de geschwaten Texter eng besonnesch Bedeitung zou: op dës Manéier kënnen och Leit, déi weder liesen nach schreiwe kënnen, informéiert ginn.

Mat ganz rhythméiertem Makossa - engem beléifte Genre am Kamerun - huet de Kënschtler senger Roserei Loft gemaach: säi Land hätt e schlechte Stullgank, séngt hien, d'Verfassung wier verstoppt a géif net méi fonctionnéieren, dat géif de Leit um Pouvoir et erlaben, d'Mënscherechter net ze beuechten a sech perséinlech ze beräicheren.

De Kënschtler koum dorops hi fir dräi Joer an de Prisong, wou hien den Typhus opgeraf huet. Eréischt op internationalen Drock vu Mënscherechtsorganisatioune koum hie wuel fräi, ass awer 2014 un de Suitte vu senger Krankheet am Exil an den USA gestuerwen.

Tita Nzebi (Gabun)

D'Tita Nzebi hirersäits setzt de musikalesche Protest a géint déi ëmstridde lescht Wahlen am Hierscht 2016 an hirer Heemecht, dem Gabun, wou de Clan vum President Ali Bongo zënter Joerzéngte regéiert ... a wou, no kontestéierte Wahlresultater esouguer d'EU a Frankräich hir Bedenken ausgedréckt hunn.

Och huet de President gläich e puer Gebuertsschäiner fir seng Kandidatur bei der Wahlkommissioun agereecht. Wéi dogéint protestéiert gouf, huet den Ali Bongo eng weider Kommissioun agesat, déi iwwert d'Rechtméissegkeet vu sengen Dokumenter ofgestëmmt huet - mam Resultat, datt alles an der Rei wier. Den Opstand op der Strooss gouf vun de Militär bluddeg niddergeschloen, de Géigekandidat Jean Ping huet ëm säi Liewe misse fäerten. Dat lescht Wuert schéngt nach net geschwat ze sinn, besonnesch wëll d'Europäesch Unioun mat de verschiddene Parteien am Gespréich ass.

D'Tita Nzebi war Invitée bei eis am Studio an huet do ë. a. hiert Lidd "Gabon, Démocratie Inavouée" an akustescher Versioun gespillt.

An eiser Mediathéik fannt Dir och den éischten Deel vun der Emissioun.

Presentéiert vum Fred Medernach.

Rezent Emissiounen

  • Cristina Branco in concert

    Den Optrëtt vun der portugisescher Fado-Interpretin um Festival Weilburger Schlosskonzerte 2016

  • Auf keltischen Spuren

    Keltische Musik ist nicht nur in der aktuellen Folk-Szene präsent. Auch Rock und Pop greifen gerne auf traditionellen "celtic sound" zurück.

  • World goes dancing!

    Matdanzen ass erlaabt - et geet vu Cumbia iwwer Boogaloo bis Ska, vu Salsa iwwer Twoubadoo bis Rocksteady.

  • Ënnerwee op der "Seidenstrasse"

    Eng musikalesch Rees vun Anatolien iwwer Taschkent bis an den Tibet

  • Dat zweet Liewen vum Label Semer

    Um Album "Rescued Treasure" vun der Formatioun Semer Ensemble si Lidder vereent, déi d'Nazi 1938 an der Reichskristallnacht zerstéiert hunn

  • Inselträume: Kuba, Kapverden, Färöer, Island

    Vom Nordmeer bis in die Südsee halten sich Traditionen ursprünglicher als sonstwo, und Inselmusiker suchen gern die Quellen ihrer eigenen Kulturgeschichte.

  • Griichesche Blues

    De griicheschstämmegen Osmanen hir Lidder dréine sech ëm hir Suergen an Ängscht, ëm de Wonsch nees kënnen an d'Heemecht ze goen.

  • Africa Dream Again

    Die Stars der afrikanischen Musik haben viele Vorstellungen von der glücklichen Zukunft des Kontinents, beklagen aber auch die Probleme.

  • World goes Afrobeat

    Vertrieder vun der neier Afrobeat-Generatioun, déi sech mëttlerweil zu London an an Nordamerika etabléiert hunn.

  • Alpentrekking

    Originale Musiker der Alpenländer: Viele Schweizer und österreichische Musiker und Liedermacher greifen auf alte Musiktraditionen zurück.

  • Nordic Notes

    Nei Musek aus dem héijen Norden déi Ales an Neies zesummebréngt, an der Geschicht nosicht an a Wierder an Nouten opschafft ...

  • Schönheit / Alter / Frauen

    Die großen Frauen der Weltmusik haben auch im Alter noch große Erfolge gehabt und die ganze Schönheit ihrer Stimmen und ihrer Musik zeigen können.

  • Go for Cumbia!

    Kolumbien ass d'Mammeland vun der Cumbia. De Musikgenre huet sech no an no a villen aneren - virun allem südamerikanesche Länner - weiderentwéckelt. 

  • World an der Philharmonie

    D'Affiche vun der Saison 2016/2017, zesumme mam Francisco Sassetti, dem Responsable fir d'Programmatioun "musiques du monde"

  • World

    Aus Punk Rock gouf Reggae! D'Hollie Cook ass um Wee eng "grande dame" vum tropical pop ze ginn.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen