World

Maria Gutierrez Fred Medernach

De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach

D'Tita Nzebi am Studio 7 vum Radio 100,7. Si guef begleet vum Ivan Rechard um Bass an dem Serge Ananou op der Gittar.

Music Is A Weapon

Grousst Virbild fir déi meescht Museker vum afrikanesche Kontinent ass den 1997 verstuerwene Nigerianer Fela Kuti, dee sech esouwuel mat de wäisse Kolonialhären, wéi och mat de schwaarze Militärregierungen a sengem Heemechtsland ugeluecht an domadder vill Museker encouragéiert huet, hir Stëmm géint Mëssstänn z'erhiewen.

Tiken Jah Fakoly (Côte d'Ivoire)

No der Publikatioun vu sengem Album "Francafrique" mat kriteschen Texter géint de Regime, huet den Tiken Jah Fakoly seng Heemecht, d'Côte d'Ivoire, 2003 verlooss. No Morddreeungen huet hien ëm säi Liewe gefaart. A senge Lidder verschount de Sänger och déi fréier Kolonialmuecht net, déi besonnesch wirtschaftlech um ganzen afrikanesche Kontinent aktiv ass an dofir dacks ewechkuckt, wann et ëm d'Mënscherechter geet, esou de populäre Reggae-Star.

Den Tiken Jah Fakoly huet de Reggae als Musekgenre geholl, fir seng Texter z'ënnerleeën, hie séngt haut gréisstendeels op franséisch, fir säin Uleies méi verständlech ze maachen. A senge Lidder hëlt hie gezielt Situatiounen a Personnagen ënnert d'Lupp ("Le Balayeur Balayé" handelt vum Generol Guëi, deen a sengem Land geputscht huet an duerno selwer huet missen d'Muecht an engem weidere Putsch ofginn) oder awer hie mécht op allgemeng Problemer an Afrika opmierksam, besonnesch op Korruptioun an op d'Ännerunge vun der Verfassung: d'Verlängerung vun de Presidente-Mandater ass déi neisten 'Trouvaille' vu ville Regimmer, fir sech net mussen demokratesche Wahlen ze stellen.

Lapiro de Mbanga (Kamerun)

De Lapiro de Mbanga krut wéinst sengem Lidd "Constitution constipée" 2008 Problemer mam Regime vum Paul Biya am Kamerun. An engem Land wou den Analphabetismus héich ass, kënnt dem Lidd an de geschwaten Texter eng besonnesch Bedeitung zou: op dës Manéier kënnen och Leit, déi weder liesen nach schreiwe kënnen, informéiert ginn.

Mat ganz rhythméiertem Makossa - engem beléifte Genre am Kamerun - huet de Kënschtler senger Roserei Loft gemaach: säi Land hätt e schlechte Stullgank, séngt hien, d'Verfassung wier verstoppt a géif net méi fonctionnéieren, dat géif de Leit um Pouvoir et erlaben, d'Mënscherechter net ze beuechten a sech perséinlech ze beräicheren.

De Kënschtler koum dorops hi fir dräi Joer an de Prisong, wou hien den Typhus opgeraf huet. Eréischt op internationalen Drock vu Mënscherechtsorganisatioune koum hie wuel fräi, ass awer 2014 un de Suitte vu senger Krankheet am Exil an den USA gestuerwen.

Tita Nzebi (Gabun)

D'Tita Nzebi hirersäits setzt de musikalesche Protest a géint déi ëmstridde lescht Wahlen am Hierscht 2016 an hirer Heemecht, dem Gabun, wou de Clan vum President Ali Bongo zënter Joerzéngte regéiert ... a wou, no kontestéierte Wahlresultater esouguer d'EU a Frankräich hir Bedenken ausgedréckt hunn.

Och huet de President gläich e puer Gebuertsschäiner fir seng Kandidatur bei der Wahlkommissioun agereecht. Wéi dogéint protestéiert gouf, huet den Ali Bongo eng weider Kommissioun agesat, déi iwwert d'Rechtméissegkeet vu sengen Dokumenter ofgestëmmt huet - mam Resultat, datt alles an der Rei wier. Den Opstand op der Strooss gouf vun de Militär bluddeg niddergeschloen, de Géigekandidat Jean Ping huet ëm säi Liewe misse fäerten. Dat lescht Wuert schéngt nach net geschwat ze sinn, besonnesch wëll d'Europäesch Unioun mat de verschiddene Parteien am Gespréich ass.

D'Tita Nzebi war Invitée bei eis am Studio an huet do ë. a. hiert Lidd "Gabon, Démocratie Inavouée" an akustescher Versioun gespillt.

An eiser Mediathéik fannt Dir och den éischten Deel vun der Emissioun.

Presentéiert vum Fred Medernach.

Rezent Emissiounen

  • Dance to the music!

    Vill Rhythmus a Liewensfreed, beats aus Botswana, Mocambique a Südafrika, méi besënnlech Téin aus dem Zimbabwe a vun der Côte d'Ivoire ...

  • Musikalesch Inselen

    Zwou Insele sti musikalesch am Mëttelpunkt: Haiti an de Cap Vert.

  • Afrika-Festival, Thai-World, iresch Téin ...

    Musikalesch Ofstiecher an d'Escher Kulturfabrik, d'Rotonden an de Stater Conservatoire.

  • Vill Concerten hei am Land

    En Tour uechtert d'Concertssäll fir e gutt gefëllte Programm "musiques du monde" an deenen nächsten Deeg a Wochen zu Lëtzebuerg

  • Mali & rondrëm de Mali!

    Songhoy Blues interpretéiere Clash, d'Fatoumata Diawara kooperéiert mam Roberto Fonseca, d'Jahqueen spillt Reggae made in Burkina Faso.

  • World

    Mat "Locarno" als Concertstip, Desert-Sound vun der Marokkanerin Oum an engem Ofstiecher bis an de Botswana.

  • Adriana Calcanhotto zu Lëtzebuerg

    En Ausbléck op de Concert vum OPL mat der Adriana Calcanhotto (Brasilien) an der Misia (Portugal), dëse Mëttwoch, 4. Mee an der Philharmonie.

  • Panama - och musikalesch en Investissement wäert!

    Eng musikalesch Rees uechtert d'Welt, mat ë.a. Live-Musek vum Rubén Blades, dee säi Land - Panama - net nëmme fiskal op d'Landkaart setzt!

  • World

    Mat derbäi e.a. 'The Traveller', de neien Album vum Baaba Maal aus dem Senegal an déi kongolesesch Band Staff Benda Bilili

  • Egyptian Project, Addis Acoustic a Manu Dibango

    Mam leschten Deel vun eiser Serie Visa For Music a vill Live-Musek vum Manu Dibango, deen de 15. Abrëll beim Printemps Musical matmécht.

  • Cuba meets USA!

    Politesch nei, musikalesch scho bal kale Kaffi: den Duo Eliades Ochoa / Charlie Musselwhite musizéiert zanter Joren zesummen!

  • Visa for Music Deel 2-Tinariwen

    Um Programm: De Festival Visa For Music (deel 2) an den Desert Rock vun Tinariwen déi den 22 July op Lëtzebuerg kommen!

  • Visa For Music

    Mat e.a dem Blick Bassy, Malik Zarra, Natacha Atlas....

  • Zeltik Diddeleng 2016

    Den Zeltik 2016 zu Diddeleng den 12. Mäerz.

  • World

    Eng musikalesch Rees uechter Mëttelamerika an Ostafrika, mat e.a. dem Aurélio, Andy Palacio an dem Boubacar Traoré

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • ZäithistorikerIn - Befreien a bändegen

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen