World

Maria Gutierrez Fred Medernach

De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach

D'Tita Nzebi am Studio 7 vum Radio 100,7. Si guef begleet vum Ivan Rechard um Bass an dem Serge Ananou op der Gittar.

Music Is A Weapon

Grousst Virbild fir déi meescht Museker vum afrikanesche Kontinent ass den 1997 verstuerwene Nigerianer Fela Kuti, dee sech esouwuel mat de wäisse Kolonialhären, wéi och mat de schwaarze Militärregierungen a sengem Heemechtsland ugeluecht an domadder vill Museker encouragéiert huet, hir Stëmm géint Mëssstänn z'erhiewen.

Tiken Jah Fakoly (Côte d'Ivoire)

No der Publikatioun vu sengem Album "Francafrique" mat kriteschen Texter géint de Regime, huet den Tiken Jah Fakoly seng Heemecht, d'Côte d'Ivoire, 2003 verlooss. No Morddreeungen huet hien ëm säi Liewe gefaart. A senge Lidder verschount de Sänger och déi fréier Kolonialmuecht net, déi besonnesch wirtschaftlech um ganzen afrikanesche Kontinent aktiv ass an dofir dacks ewechkuckt, wann et ëm d'Mënscherechter geet, esou de populäre Reggae-Star.

Den Tiken Jah Fakoly huet de Reggae als Musekgenre geholl, fir seng Texter z'ënnerleeën, hie séngt haut gréisstendeels op franséisch, fir säin Uleies méi verständlech ze maachen. A senge Lidder hëlt hie gezielt Situatiounen a Personnagen ënnert d'Lupp ("Le Balayeur Balayé" handelt vum Generol Guëi, deen a sengem Land geputscht huet an duerno selwer huet missen d'Muecht an engem weidere Putsch ofginn) oder awer hie mécht op allgemeng Problemer an Afrika opmierksam, besonnesch op Korruptioun an op d'Ännerunge vun der Verfassung: d'Verlängerung vun de Presidente-Mandater ass déi neisten 'Trouvaille' vu ville Regimmer, fir sech net mussen demokratesche Wahlen ze stellen.

Lapiro de Mbanga (Kamerun)

De Lapiro de Mbanga krut wéinst sengem Lidd "Constitution constipée" 2008 Problemer mam Regime vum Paul Biya am Kamerun. An engem Land wou den Analphabetismus héich ass, kënnt dem Lidd an de geschwaten Texter eng besonnesch Bedeitung zou: op dës Manéier kënnen och Leit, déi weder liesen nach schreiwe kënnen, informéiert ginn.

Mat ganz rhythméiertem Makossa - engem beléifte Genre am Kamerun - huet de Kënschtler senger Roserei Loft gemaach: säi Land hätt e schlechte Stullgank, séngt hien, d'Verfassung wier verstoppt a géif net méi fonctionnéieren, dat géif de Leit um Pouvoir et erlaben, d'Mënscherechter net ze beuechten a sech perséinlech ze beräicheren.

De Kënschtler koum dorops hi fir dräi Joer an de Prisong, wou hien den Typhus opgeraf huet. Eréischt op internationalen Drock vu Mënscherechtsorganisatioune koum hie wuel fräi, ass awer 2014 un de Suitte vu senger Krankheet am Exil an den USA gestuerwen.

Tita Nzebi (Gabun)

D'Tita Nzebi hirersäits setzt de musikalesche Protest a géint déi ëmstridde lescht Wahlen am Hierscht 2016 an hirer Heemecht, dem Gabun, wou de Clan vum President Ali Bongo zënter Joerzéngte regéiert ... a wou, no kontestéierte Wahlresultater esouguer d'EU a Frankräich hir Bedenken ausgedréckt hunn.

Och huet de President gläich e puer Gebuertsschäiner fir seng Kandidatur bei der Wahlkommissioun agereecht. Wéi dogéint protestéiert gouf, huet den Ali Bongo eng weider Kommissioun agesat, déi iwwert d'Rechtméissegkeet vu sengen Dokumenter ofgestëmmt huet - mam Resultat, datt alles an der Rei wier. Den Opstand op der Strooss gouf vun de Militär bluddeg niddergeschloen, de Géigekandidat Jean Ping huet ëm säi Liewe misse fäerten. Dat lescht Wuert schéngt nach net geschwat ze sinn, besonnesch wëll d'Europäesch Unioun mat de verschiddene Parteien am Gespréich ass.

D'Tita Nzebi war Invitée bei eis am Studio an huet do ë. a. hiert Lidd "Gabon, Démocratie Inavouée" an akustescher Versioun gespillt.

An eiser Mediathéik fannt Dir och den éischten Deel vun der Emissioun.

Presentéiert vum Fred Medernach.

Rezent Emissiounen

  • Natacha Atlas

    Various Artists mat méi an den Detail den Album Myriad Road vun der Natacha Atlas an Ibrahim Maalouf.

  • Lisboa

    'Lisboa' Past & Present vum Label Jaro ass e Buch mat Fotoe, Texter a Musik.

  • At The Edge Of The Beginning

    De neien Album vum Idan Raichel.

  • Brothers beyond Borders

    World mat e.a dem  Habib Koité & Eric Bibb hirem gemeinsamen Album 'Brothers In Bamako'.

  • IOMMA, Indian Ocean Music Market

    Interviewe vum David André, Directeur du Conservatoire de musique des Seychelles, Alain Courbis an dem atypesche Schwäizer Grupp Kadebostany.

  • IOMMA, Indian Ocean Music Market

    E Marché, wou déi artistesch Offer der Demande vu ville Professioneller entgéint kënnt.

  • IOMMA, Indian Ocean Music Market Deel 1

    E Marché, wou déi artistesch Offer der Demande vu ville Professioneller entgéint kënnt.

  • "Celebrate the unity and the diversity of humanity"

    "1 Giant Leap" ass e Crossover-Projet vum Jamie Catto an Duncan Bridgeman. Si loossen Musek aus 20 verschidde Länner ekléngen a vereenen verschidde Genren vun der World-Musek.

  • Latino Heat

    De kubanesche son, d' salsa, an di zäitgenösseg Generatioun aus Brazilien...

  • Sona Jobarteh

    Eng Griot-Fra obwuel d'Traditioun bis ewell just op dat männlecht Geschlecht weiderverierwt ginn ass.

  • Chansons Des Mers Froides

    Folk aus Finland an dem Hector Zazou säin Album 'Chansons Des Mers Froides'.

  • Youssou N'Dour-Fatteliku (Live in Athens 1987)

    Youssou N' Dour et le Super Etoile De Dakkar 'Fatteliku'

  • Tony Allen - Film of Life

    D’Aktualitéit vun de ville verschiddene Museksstiler ronderëm d’Welt, dacks am Kontakt mat de westlechen Ausdrocksformen, an traditionnel Lidder.

  • World

    Ënner anerem mam Geoff Berner, Kanadesche Singer Songwriter an Accordéonist deen d'Klezmer mat Punk, de Rhythmen aus dem Balkan an der politescher Satire verbënnt.

  • World

    Musek vum Vieux Farka Touré mam Julia Easterlin a vum neien Album vum Nitin Sawhney.

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen