Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Return to the Roots & Dawn of Disease

Return to the Roots

Enn dës Joers kënnt en neien Album vu Cavalera Conspiracy eraus. Ob déi aktuell "Return to the Roots"-Tour vun de Cavalera-Bridder wuel en Afloss op de Songwriting fir deen Album hat? Eng Äntwert ob ënnert anerem déi Fro gëtt et am Interview mam Igor Cavalera. Donieft geet och riets iwwert seng aktuell Bezéiung mat sengem Brudder Max a wéi si dës Tour bis elo erlieft hunn.

Release vun der Woch: Dawn of Disease - Ascension Gate (6/10)

Dawn of Disease ass eng Band, déi hire melodeschen Death Metal aus enger Mëschung aus schwedeschem Death an dem In Flames Songwriting braut, dobäi sech awer extrem schwéier deet eng eegen Identitéit opzebauen. Alles ass gutt ëmgesat, tight gespillt, mä e Wiedererkennungswäert huet d'Band bis elo net gehat. An dat ass op hirem neien Album Ascension Gate leider och net vill anescht.

Vun Ufank un ass Ascension Gate net allzespannend, just hire Sound huet déi däitsch Melodeath Band bësse verfeinert, wéi an den Ufanksstécker Passage a Perimortal ze erkennen ass.

De säftegen, awer net grad sou buzzege Sound vun der HM-2 Pedall vu Boss, déi virun allem Entombed sou bekannt gemaach haten, ass nach ëmmer do, et ass awer méi melodiéis ginn a mëttlerweil héiert een och bëssen Dismember eraus, ma In Flames ass wuel déi Band, déi sech am beschte eraushéiere léisst, mol dovunner ofgesinn, dass Dawn Of Disease vill méi growlen.

Sou generesch ze sinn, ass natierlech net ëmmer schlecht, ma wann ee schonn dee Wee vun der Onoriginalitéit geet, muss een op mannst Riffer bréngen, déi direkt am Kapp hänke bleiwen, an dat feelt op Ascension Gate leider. Wat een der Band awer urechne muss, dat ass déi wonnerbar Ëmsetzung vun hirer generescher Musek. Et gëtt nämlech Momenter, déi een trotzdem pake kënnen, z. B. bei hiren harmonesche Leads bei de Stécker The Growing Emptiness oder Fleshless Journey.

Keen Aspekt vum Album ass komplett schlecht, d'Riffer si béis an d'Melodie schéin, ma et feelt einfach um Wow Faktor. Doduerch dass  Ascension Gate méi melodiéis wéi de Virgänger ass, mécht d'Band den Androck sech weiderentwéckelt ze hunn, ma et gëtt awer näischt wat ervistécht. Et ass een Album, deen ee ka kafen, muss een awer net.

Playlist

Demolition Hammer - Infectious Hospital Waste (Tortured Existence; Century Media; 1990)

Paradise Lost - Blood and Chaos (Medusa; Nuclear Blast; 2017)

Sepultura - Roots Bloody Roots (Roots; Roadrunner; 1996)

Motörhead - Heroes (Motörizer; SPV; 2008)

Cradle of Filth - You Will Know The Lion By His Claw (Cryptoriana - The Seductiveness of Decay; Nuclear Blast; 2017)

Satyricon - Deep Calleth Upon Deep (Deep Calleth Upon Deep; Napalm; 2017)

Dawn of Disease - The Growing Emptiness (Ascension Gate; Napalm; 2017)

Exhumed - Defenders of the Grave (Death Revenge; Relapse; 2017)

Korn - Ass Itch (Life is peachy; Immortal/Epic; 1996)

Rezent Emissiounen

  • Strigoi

    Am Interview ass de Greg Mackintosh. Riets geet iwwert säin neie Projet Strigoi.

  • Borknagar

    Am Interview ass de Frontmann vun der Progressiver Black Metal Band Borknagar.

  • Thomas Koenig

    Am Interview ass den 100,7-Philosoph Thomas Koenig, dee sech och mat Metal auserneesetzt - awer ebe philosophesch.

  • Metal Meltdown

    Am Interview ass dës Kéier de Frontmann vun Inhuman Rampage, Patrick Wagener

  • Opeth - Martin Axenrot

    Am Interview ass den Drummer vun Opeth, de Martin Axenrot.

  • Metal Meltdown

    Aktuelles aus der Welt vum Metal

  • Metal Meltdown

    Neie Metal an der haartster Sendung vun der Woch

  • Metal Meltdown

    Neits aus der Welt vun de méi haarden Téin

  • Suicidal Angels

    Am Interview dës Woch: De Frontmann vun de Suicidal Angels, Nick Melissourgos.

  • Entombed A.D.

    Dës Kéier am Interview ass de charismatesche Frontmann vun Entombed AD, d'Death Metal Legend LG Petrov.

  • Opeth - Martin Méndez

    Am Interview ass de Bassist vun Opeth, de Martin Méndez. Och hei geet et natierlech virun allem ëm den neien Album "In Cauda Venenum".

  • Opeth - Mikael Åkerfeldt

    Am Interview ass de Mastermind vun Opeth, de Mikael Åkerfeldt. Et geet virun allem rieds iwwer den neien Album "In Cauda Venenum".

  • Thousand Lakes

    Am Mëttelpunkt steet deen neien Album vu Thousand Lakes. Am Interview sinn dofir de Gittarist Jerome an de Sänger Rony.

  • De Mound am Metal

    Am Metal gëtt et vill Bands, déi sech vum Mound inspiréiere gelooss hunn, Stécker iwwer de Mound oder an deenen de Mound op d'mannst virkënnt, geschriwwen hunn.

  • Rotten Stones 2019

    Haut am Interview sinn d'Organisateure vum Rotten Stones Festival.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen