Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Head Hunters - Herbie Hancock

Wéi den Herbie Hancock fir d'éischt vum Miles Davis gesot krut, hie sollt Fender Rhodes spillen, huet hien de Kapp gerëselt a sech gefrot, wat hie mat där Spillsaach do soll maachen! Zënter deem Moment an 1973, der Release vun Head Hunters, ass de Rhodes aus dem Hancock sengem Setup net méi ewech ze denken. Méi wéi dat, huet hien nach eng ganz Panoplie vu Synthesizere fir sech entdeckt. Déi Opstellung zesumme mam Bennie Maupin um Saxofon, dem Paul Jackson um Bass, dem Harvey Mason op der Batterie an dem Bill Summers op der Perkussioun bilden d'Head Hunters, déi mat hirem opreegenden neie Sound Funk a Fusion eng kloer Emprunte ginn. Presentéiert vum Pol Belardi a Pit Dahm.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen