Klassik aktuell

De Bléck op d’Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

D'Deutsche Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern an hiren neie Chefdirigent Pietari Inkinen.

Eng Welturopféierung live aus der Congresshalle zu Saarbrécken

D'Deutsche Radiophilharmonie Saarbrécken-Kaiserslautern spillt dëse Sonndeg (10.09.2017) déi éischt Matinée vun der Saison 2017/18. Op de Programm huet den neie Chefdirigent Pietari Inkinen d'Wierk "In the Beginning" vum finnesche Komponist Einojuhani Rautavaara gesat, dat zu Saarbrécken seng Welturopféierung feiert. Dëse Concert gëtt live am radio 100,7 iwwerdroen a vun der Maria Gutierrez an dem Guy Engels moderéiert.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

  • Däitsch Bundestagswahlen 2017

    De 24. September 2017 wielt Däitschland en neit Parlament. D'Angela Merkel (CDU) an de Martin Schulz (SPD) trieden als Kanzlerkandidaten un.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen