Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 8:20, 12:22 a 17:10 Auer.

Déi nei Dateplattform "ELIXIR-LU" vun der uni.lu

Zanter knapp enger Woch fonctionnéiert déi nei Dateplattform "ELIXIR-LU" vun der uni.lu, a stellt biowëssenschaftlech Date fir d'Fuerschung zur Verfügung.

Rezent Emissiounen

  • Zecken: Wéi gesäit d'Saison zu Lëtzebuerg aus?

    Zecken hunn et gäre fiicht a waarm. Dëst Fréijoer hu si sech duerch déi héich Temperaturen besonnesch wuel gefillt a séier verbreet.

  • Buchkritik: "Staark Kanner" vum Claude Meisch

    Et wier kee Wahlkampfbuch, seet den Educatiounsminister iwwer säin neit Buch. Et ginn awer kloer Parallelle mam DP Wahlprogramm, mengt de Pierre Reyland.

  • "Solidaritéit liewen, fir Fortschrëtt a Gerechtegkeet"

    Den LSAP Wahlprogramm gouf no animéierten Debatten um LSAP-Kongress eestëmmeg ugeholl. 

  • WM-Wues aus Holland

    D'Finall vun der Fussballweltmeeschterschaft, e Sonndeg a Russland, gëtt op engem Wues gespillt, deen an der hollännescher Provënz Zeeland geziicht ginn ass.

  • JCI Accreditatioun fir de CHL

    De Centre Hospitalier krut als éischt, a bis ewell eenzegt Spidol zu Lëtzebuerg, déi besonnesch Qualitéits- a Sécherheetsstandarde vun der Joint Commission International.

  • Si Wahlëmfroen nach modern?

    An de leschte Jore louchen d'Wahlëmfroen a méi Länner donieft.

  • 30 Joer Service Krank Kanner Doheem

    1988 gouf de Service vu Femmes en Détresse an d'Liewe geruff.

  • REVIS

    De Revenu d'inclusion sociale huet d'Zil, Stéit mat Kanner a Leit déi schaffen oder eng Moossnam unhuelen, méi ze ënnerstëtze wéi bis elo.

  • Ee Joer respect.lu

    Op Initiativ vum Regierungsrot ass am Juli 2016 de Centre contre la radicalisation entstanen.

  • Regele fir e faire Wahlkampf

    D'Verhandlungen iwwer en Ofkommes tëscht de Parteie lafen nach. Sträitpunkte sinn de Materialopwand, den Online-Wahlkampf an den Hate Speech.

  • DP Wahlprogramm: Haapt-Proposë goufe virgestallt

    D'DP huet weider Detailer vun hirem Wahlprogramm fir d'Chamberwahle virgestallt. De Pierre Reyland huet de Kongress fir eis couvréiert.

  • Behënnertegerecht bauen a plangen

    D'ëffentlech Gebaier an d'Parties communes vun den Appartementer solle vum nächste Joer u fir jiddereen accessibel gemaach ginn.

  • Lancement vum Cluster Économie sociale & solidaire Grande Région

    Eng grenziwwerschreidend Initiativ vum Lëtzebuerger Aarbechtsministère mam Conseil départemental de Meurthe-et-Moselle fir d'Sozial- a Solidarwirtschaft weiderzedreiwen.

  • Séinoutrettung op Malta

    Mam Erik Marquart vum Schëff Lifeline geet rieds iwwer d'Rettung vu Migranten um Mëttelmier.

  • 25 Joer Nationalen Daachverband vun de Jugendstrukturen (EGMJ)

    Och an Zukunft stelle sech Defien, zum Beispill dee vu benevole Gestionnairë vun de Jugendhaiser. Donieft schafft ee ganz aktiv um Projet Outreach Youth Work - Maison des Jeunes.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

  • radio 100,7: Changement à la tête de la rédaction musicale

    M. Yves Stephany a été nommé à la tête de la rédaction musicale de la radio de service public radio 100,7. M. Stephany, 37 ans, y prend la relève de M. Fred Medernach qui a fait valoir ses droits à la retraite.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen