Klassik aktuell

De Bléck op d’Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Vu lénks no riets: Roby Stoos, Rosch Mirkes, Jean-Paul Hansen, Roby Lohr, Jean-Luc Blasius

The Reed Players

"The Reed Players" ass en Ensembel, dee sech aus Museker vun der Formatioun "Ad Libitum" zesummesetzt. Op Barock-Instrumenter interpretéiere si Stécker aus de Genre Renaissance, Barock, Klassik a Crossover. Virun hirem Concert en Donneschdeg (14.09.2017) an der Paterekierch hat de Luc Boentges d'Geleeënheet, an eng Prouf eran ze lauschteren a mat de Museker Rosch Mirkes a Jean-Paul Hansen ze schwätzen.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

  • Däitsch Bundestagswahlen 2017

    De 24. September 2017 wielt Däitschland en neit Parlament. D'Angela Merkel (CDU) an de Martin Schulz (SPD) trieden als Kanzlerkandidaten un.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen