Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

De Jury an d'Gewënnerin Daria Burlak (Vu lénks no riets: Andreas Rothkopf, Lionel Rogg, Daria Burlak, Iveta Apkalna, Alain Wirth)

D'Gewënner sti fest

D'Gewënner vum internationalen Uergelconcours vun Diddeleng sti fest. Iwwer 40 Kandidaten aus der ganzer Welt hu sech der Jury gestallt, déi dëst Joer vun der Iveta Apkalna, der Titularorganistin vun der Elbphilharmonie presidéiert gouf. En zweete Präis gouf net verdeelt, dofir awer en éischten an zwee drëtter.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen