Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

Serge Allegrezza & Gilles Hempel

Lëtzebuerg, ee räicht a multikulturellt Land? Grad sou eenheetlech ass d'Situatioun net, wann ee sech d'Gemengen ukuckt: D'Awunner vu Weiler verdéngen an der Moyenne bal duebel sou vill, wéi déi vu Woltz. A während zu Wal just 19 Prozent Net-Lëtzebuerger wunnen, läit den Auslännerundeel an der Stad bei iwwer 70 Prozent. An d'Inegalitéiten tëscht de Gemengen sinn an de leschte Jore gewuess.

Iwwer déi sozio-ekonomesch Entwécklung op nationalem a lokalem Niveau diskutéieren den Direkter vum Statec, Serge Allegrezza, an den Direkter vun der Agence Immobilière Sociale, Gilles Hempel. Moderatioun: Pia Oppel.

Rezent Emissiounen

  • Fënnef Deeg nom État de la Nation - ee Joer no de Wahlen

    Eng Analys an en Tëschebilan. Et diskutéieren: d'DP-Presidentin C. Cahen, den UEL-President N. Buck, de Klima-Aktivist P. Polfer an d'Land-Journalistin J. Hansen.

  • Alternativen zum Auto sinn dee richtege Wee

    C. Reuter, Mobilitéitsministère; M. Jacquemin, Les amis du rail Halanzy Luxembourg; C. Liesch, Comité des usagers a Verkéiersverbond; F. Golin, Aktiounsgrupp AGIRR.

  • Wiele kënnen, sollen, mussen? 100 Joer allgemengt Wahlrecht

    Invitée sinn déi fréier DP-Politikerin a laangjäreg Deputéiert Colette Flesch, d'Historikerin Renée Wagener an de Journalist Romain Hilgert. Moderatioun: Maurice Molitor.

     

  • Jean-Claude Hollerich

    Wéi eng Visioun fir déi Kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg? De Lëtzebuerger Äerzbëschof gëtt Äntwerten op déi aktuell Erausfuerderungen?

  • Virum Doud: Gëtt de Wëlle vum Patient respektéiert?

    Zéng Joer nom Euthanasie-Gesetz. Et diskutéieren: Jean-Jacques Schonckert (Mäi Wëlle, mäi Wee), Dr. Romain Stein (Collège Médical), Christine Dahm (Omega 90).

  • Martina Holbach

    Iwwert 30 Joer laang engagéiert d'Martina Holbach sech bei Greenpeace Lëtzebuerg fir Ëmwelt- a Klimaschutz. Mir schwätze mat hir iwwert déi ekologesch Erausfuerderunge vun eiser Zäit.

  • Xavier Bettel

    No den Europawahlen: Wéi geet et virun an der EU? Froen un de Staatsminister.

  • D'Zukunft vun der EU

    Wéi muss d'EU opgestallt sinn, fir op global Defien ze reagéieren? Et diskutéiere KandidatInne vun den 10 Parteien, déi am Land bei den Europawahlen untrieden.

  • Stress an der Schoul

    Wéi ausgebrannt si Schüler, Enseignanten an Elteren?

  • EU-Korrespondenten iwwer d'Europawahlen

    Mam Cécile Ducourtieux (Le Monde), Quentin Dickinson (Radio France), Oliver Grimm (Die Presse) a Camille-Cerise Gessant (Agence Europe)

  • Roy Reding (ADR)

    Den ADR-Politiker hält d'nächst Woch mat sengen Aktivitéiten als Affekot op: iwwer d'Grënn schwätze mir mam Roy Reding a "Riicht eraus".

  • Marie-Josée Jacobs

    Mat der Presidentin vu Caritas Lëtzebuerg geet et ëm d'Roll vun der kathoulescher ONG, d'sozial Kohäsioun, d'CSV an ëm hir politesch Carrière.

  • Ass Bio logesch?

    Et diskutéieren de Landwirtschaftsminister Romain Schneider, de President vun der Landwirtschaftskammer Guy Feyder an de Bio-Bauer Tom Kass.

  • Dan Kersch

    Mam neien Aarbechts- a Sportminister geet et ëm d'Sozialwahlen, d'LSAP a säi politesche Parcours

  • déi gréng am Opschwong

    Et diskutéieren: F. Bausch, Mobilitéits- a Verdeedegungsminister; J. Thill, nei Spriecherin déi jonk gréng a R. Garcia, Grënnungsmember a fréiere gréngen Deputéierten

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen