World

Maria Gutierrez Fred Medernach

De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach

Modestine Ekete, de 6.Oktober an der Escher Kulturfabrik (Foto: Olivier Bouton)

Modestine, Sofia, Carminho ...

Als Concertstips derbäi: d'Release Party mam Debut-Album vum Modestine Ekete (Kamerun/Lëtzebuerg, 6.10. an der Escher Kufa), zwou Affichë mat vill Brasilianeschem an der Philharmonie (Vinicius Cantuaria, 8.10. a Carminho, 14.10.) an den Optrëtt vum Sofia Ribeiro (Portugal, 20.10. CAPE Ettelbréck), wou Fado, World an Jazz zesummefléissen.

E musikaleschen Hommage gëtt et fir de Regis Gizavo aus Madagascar: den Akkordeonist, deen de leschte 17. Juli am Alter vun 58 Joer gestuerwen ass, war e Virbild fir vill Museker op der ostafrikanescher Insel. Hien huet solo gespillt, zesumme mat de Madagascar All Stars a war reegelméisseg Invité bei Musekgréisste wéi Cesaria Evora, Manu Dibango oder Richard Bona.

Dem Fred Medernach seng Playlëscht:

  1. Regis Gizavo - Tsika Holy
  2. Vinicius Cantuaria - So Ficou Saudade
  3. Carminho - Triste
  4. Modestine Ekete - Interview + Nganso
  5. Madagascar All Stars - Hidola Zaho Niany
  6. Lala Njava - Kabary Seza (Madagascar)
  7. Jean-Emilien - Mitodiha (Madagascar)
  8. Madagascar All Stars - Soanali
  9. Sofia Ribeiro - Bol De Chumba
  10. Sofia - Mar Sonora

 

Rezent Emissiounen

  • Haydamaky

    De polnesche Schrëftsteller Andrzej Stasiuk an déi ukrainesch Folk-Rock-Band Haydamaky mat Texter vum polneschen Nationaldichter Adam Mickiewicz

  • Von Kuba in die Welt

    Musek vun der karibescher Insel vu Kënschtler, déi een uechter d'ganz Welt begéint ... net nëmmen op Kuba selwer.

  • Neie Kascht fir de World-Summer

    Mat den aktuelle Release vu Fatoumata Diawara, Hazmat Modine, Bombino an Choco Y Sus Complices plus engem Bléck op den Atlantico-Festival

  • Jenseits von Indien

    En dacks mysteriéist Land, musikalesch ënner d'Lupp geholl ...

  • Cap Vert - Brasilien an zeréck

    Nei Produktioune vun den Inselen am Atlantik an de Live-Album vum brasilianeschen Trio Gilberto Gil - Gal Costa-Nando Reis.

  • Smile!

    Lidder aus allen Härelänner mat engem Laachen am Gesiicht ...

  • Sacred Sounds a schamanesch Beats

    Meditativ Gesäng, ronderëm d'Feier danzen a mystesch Kläng kënnen eis an eng aner Welt zauberen. Dës "World"-Editioun versetzt Iech an Trance.

  • Tram des Balkans

    Balkanbeats a Klezmerrhythmus: déi franzéisch Formatioun 'Tram des Balkans' ass den 8. Juni am Ettelbrécker CAPE.

  • Goran Bregovic

    Eng Stonn, déi dem bosnesche Kënschtler a Museker dediéiert ass.

  • Orlando Julius & the Heliocentrics live

    Den Optrëtt vum nigerianesche Saxophonist bei der BBC den 28. Oktober 2017

  • Op katalanesch!

    Eng musikalesch Rees an der katalanescher Sprooch - déi net nëmmen an der Géigend ronderëm Barcelona a Gebrauch ass ...

  • Francesco De Gregori live

    Den italiensche Cantautore/Songwriter live opgeholl am Oktober d'lescht Joer zu München.

  • Keng Kannerlidder, mee Lidder iwwer Kanner

    Vill Kënschtler hunn déi Kleng an hire Repertoire opgeholl.

  • Klanglandschaften

    E Bësch an Estland, eng al Zistern an Italien, bulgareschen a capella, finneschen Tango: Inspiratioun fanne Museker/innen iwwerall ...

  • Eng Rees an den Orient

    Eng musikalesch Stonn mat dem Sound aus dem Orient - dee kënnt mol vu méi wäit hier, mol vu méi no bäi.

Programm

Dossieren

  • De Grand-Duc Jean

    De Grand-Duc Jean ass dout: de fréiere Lëtzebuerger Staatschef ass e Méindeg Moien am Alter vun 98 Joer gestuerwen. Reaktiounen an Hannergrondbäiträg fannt dir an eisem Dossier.

  • Leipziger Buchmesse 2019

    D'Valerija Berdi an de Michel Delage waren dëst Joer fir de radio 100,7 op der Leipziger Buchmesse. All hier Artikelen a Bäitrag zum Thema fannt Dir hei.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche pour ses rédactions un(e) journaliste

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen