Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!
Metal Meltdown

High Fighter & Satyricon
High Fighter
High Fighter aus Däitschland hu sech réischt vru puer Joer gegrënnt, notamment 2014. Schonn ee Joer drop hu si vill getourt, mëttlerweil hu si eng EP an en Album dobaussen an dëst Joer hu si souguer schonn um Wacken am Zelt gespillt. Eppes, wat ee schonn als keng schlecht Leeschtung ka bezeechnen. Wéi si dat fäErdeg bruecht hunn, wéi bei hirer Zort vu Mëschung de Songwriting fonktionéiert a wéi eng Roll Weed bei hirer Musek spillt, hu si mir am Interview um Wacken verroden.
Release vun der Woch: Satyricon - Deep Calleth Upon Deep (9/10)
4 Joer no hirem leschte Studio Album hu Satyricon gëschter um 22. September hiren neisten Album Deep Calleth Upon Deep erausbruecht. An um Album fënnt een eng revitaliséiert Versioun vu Satyricon, déi dat perfektionéiert hunn, wat si op hirem self-titled leschten Album ugefaangen hunn, nämlech sech nei ze fannen, wann net, ze erfannen.
Algemeng kann ee soen, dass Satyricon um neie Wierk e gewaltege Schrëtt no vir maachen, an dat mat engem frësche Versteesdemech vun hirer Bestëmmung, doduerch dass si Elementer vun ALL friéerem Satyricon Album huelen, dës zesumme schmëlzen an nei schmidden, ouni dobäi no engem verzweifelte back to the roots Versuch ze kléngen.
D'Resultat dovunn ass souwuel a Punkto Songwriting wéi och a Punkto Performance & Produktioun e Krack méi grouss, méi gewot a méi selbstbewosst. Dem Satyr seng markant Riffer sinn op Deep esouwuel méi stramm wéi och méi melodesch ginn, säi Spille méi iäifreg a méi schäerf, mat méi Hooks, méi Gëft a bësse manner Groove, och wann dësen net feelt.
Wat de Frost ugeet, sou huet dësen - mol ofgesi vu sengem Asaz bei de Black Metaller 1349 - scho laang net méi sou energesch a lieweg geklongen, wéi um neien Album.
Et ass awer am Endeffekt de ganze Songwriting, dee méi tight, méi konzentréiert a méi ambitiéis ass, wouduerch déi gréissten Ännerungen a Verbesserungen um neie Satyricon Album ze erkenne sinn.
Fans vun der Band hire méi ale Wierker wäerte Stécker wéi den Opener Midnight Serpent oder Dissonant gären hunn, déi dach stäerk u Wierker wéi Rebel Extravaganza oder Volcano erënneren, och wa si sech mat engem neien an anere Sound mussen zefridde ginn. Lidder wéi déi neiste Single To your brethren in the Dark oder Black Wings and Withering Gloom werfen op der anerer Säit e Schiet a Richtung The Shadowthrone oder Nemesis Divina. Ma och Referenzen u méi Hook-lasteg Albume wéi Now, Diabolical oder grooveg a melodiséis Albume wéi The Age of Nero gi mat Songs wéi Blood Cracks Open the Gruond oder dem Titeltrack net vernoléissegt.
Fans, déi sech un den neie Sound gewinne kënnen, wäerte mat mir averstane sinn, wann ech soen, dass Deep Calleth Upion Deep ouni Problem de beschte Satyricon Album zënter laangem ass.
Playlist
Motörhead - Love Me Like A Reptile (Ace Of Spades; Bronze Records; 1980)
Cannibal Corpse - Code Of The Slashers (Red Before Black; Metal Blade; 2017)
High Fighter - Darkest Days (Scars & Crosses; Svart Records; 2016)
Cradle of Filth - Achingly Beautiful (Cryptoriana - The Seductiveness Of Decay; 2017)
The Black Dahlia Murder - Matriarch (Nightbringers; Metal Blade 2017)
Samael - Black Supremacy (Hegemony; Napalm; 2017)
Satyricon - To Your Brethren In The Dark (Deep Calleth Upon Deep; Napalm; 2017)
Belphegor - Baphomet (Totenritual; Nuclear Blast; 2017)
Paradise Lost
Rezent Emissiounen
-
Assorted Nails: nei EP
Mam Bob Wintersdorff geet Rieds iwwert "Zoophisticated".
-
Whitechapel & Rage
Am Metal Meltdown gëtt et dës Woch nees zwee Reviewen: Den neien Album vu Whitechapel an deen neien Album vu Rage
-
Gojira & Dark Funeral
Am Metal Meltdown ginn dës Kéier zwee nei Albumme reviewt, an zwar deen neie vu Gojira an deen neie vun Dark Funeral.
-
Andy Rehfeldt & Candlemass
E Youtuber, deen aus Metal Lidder méi witzeg awer interessant Versioune mécht an ëmgedréit.
-
Rotten Stones Festival
D'Organisateure vum Rotten Stones Festival am Interview a Musek vun all Band, déi do spillt.
-
Elysian Gates & Korn
D'lescht Woch ware se am Studio fir selwer iwwert hiren neien Album ze schwätzen, haut schwätzt den David Wagner iwwert Crossroads vun Elysian Gates. Dat ass dës Kéier den Album vun der Woch.
-
Elysian Gates, Soulhenge a Bullet for my Valentine
Et gëtt just zwou Symphonic Metal Bands zu Lëtzebuerg an eng dovunner bréngt um 21. Mee hiren neien Album eraus. An deem Kontext sinn Elysian Gates dës Kéier dem David Wagner seng Invitéen am Metal Meltdown
-
Metal Meltdown goes Wacken Open Air 2.0
-
Metal Meltdown goes Wacken Open Air
Dës Kéier dréit sech alles ëm de Wacken. D'Highlighte vun der Editioun 2016 gi virgestallt.
-
Earthgrave, Elysian Gates & Mortal Terror
Am Metal Meltdown stellt den David Wagner iech dës Kéier eng nei Doom / Sludge Band vir a reviewt den neien Album vu Mortal Terror.
-
Metal Meltdown goes Aborted
Am Metal Meltdown gëtt et haut nach e Krack méi haart wéi soss. Haut dréit sech beim David Wagner nämlech alles ëm déi belsch Death Metal Band Aborted.
-
Sublind - 10th Beersday, Desdemonia & Otep
-
Kitshickers, We Knew John Doe & Ihsahn
E Gespréich mat de Museker aus der Lëtzebuerger alternativer Musekszeen iwwert hiren neien Album an iwwert d'Crowdfunding Campagne dofir.
-
Metalfestival Koplescht, WKJD & Amon Amarth
-
Miles to Perdition & Scarlet Anger
Miles to Perdition vertriede Lëtzebuerg dëst Joer um Musek Open Air Festival Wacken.
Programm
-
Klassik Live - Romantik a Spéitromantik
-
On air
Musek am Gespréich - Détente sous l'olivier
-
New Cotton Club - Duke Ellingtons Sound of Love
-
Ënnerwee duerch de Weekend
-
Noriichten
Net verpassen
-
Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken
Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen