Invité am Moies-Magazin

Claude Bertemes, Direkter vun der Cinemathéik

1997 hat de Claude Bertemes fir de Poste vum Direkter vun der Stater Cinemathéik postuléiert a krut den Job. Hien huet e Film-Archiv virfonnt, dat iwwerraschend breetgefächert opgestallt war. Een Avantage: bis haut gëtt d'Cinemathéik dacks vun Etablissementer aus dem Ausland gefrot, fir Filmkopien auszeléinen. De Bestand gouf an deene leschten zwee Joerzéngte konsequent ausgebaut. Bei der Programmatioun vu Filmer ass dem Claude Bertemes Kontextualiséierung immens wichteg, an t'ass och do, wou hien eng vun deene wichtegste Funktioune vun der Cinemathéik gesäit. Am Ozean vun den audiovisuelle Méiglechkeeten, déi de Leit mëttels klassesche Kinoen, Video-on-Demand-Offeren, Netflix, Blue Ray-DVDen, asw zur Verfügung stinn, bitt d'Cinemathéik Explikatiounen, Orientéierung, Méiglechkeet fir Begéinunge mat Experten a VertriederInne vun der Siwenter Konscht, grad ewéi Film-Concerten a villes méi. D'Cléo Thoma féiert duerch d'Gespréich.

Rezent Emissiounen

  • Anita Lanners

    Den 8. September ass zu Wolz am Amphitheater den Do-It-Yourself Festival. Et well een do Kompetenze vermëttele fir eng méi nohalteg Gesellschaft opzebauen.

  • Roger Behrend a Sylvie Paquet

    25.000 Mënsche sinn hei am Land vum Diabetes betraff. D'Association Luxembourgeoise du Diabète probéiert si z'ënnerstetzen.

  • Luc Hoffmann a Steve Melsen

    Mëtt August hunn déi zwee bei der europäescher Schwenk-Meeschterschaft matgemaach an an enger Kategorie gewonnen.

  • Sven Eberhard an Thierry Knop

    D'Invitéen, déi nom Tornado bei den Opraumaarbechten dobäi waren, wëllen d'Emergency Volunteer Aid Team grënne fir bei anere Katastrophen ze hëllefen.

  • Sarah Mathieu

    D'Coordinatrice vum Leader Bureau Lëtzebuerg West erkläert, wat esou extra ass un de Gemenge Garnech, Simmer, Helperknapp, Käerch, Mamer, Miersch a Stengefort.

  • Claude Briade an Anthony Jacopucci

    Den Direkter fir Kommunikatioun an de Responsabele fir d'Kollekt vun de Fonge bei Handicap International Lëtzebuerg Iwwer d'Aktualitéit an de Concert Beat the Blast

  • Frank Wolff

    De Frank Wolff, Directeur adjoint vun der Naturverwaltung, erkläert die nei Panneauen die national Naturschutzgebidder uweisen.

  • Jo Goergen

    Vu Beruff Architekt an Urbanist, schafft hien zanter e puer Joer am Natur- a Geopark Mëllerdall, haaptsächlech als Coordinateur vum Interreg-Projet Dréchemaueren.

  • Heinz-Peter Hoffmann

    De Matgrënner a Leeder vum Festival Tatort Eifel erzielt, wat fir déi zéngt Editioun geplangt ass.

  • Marcel Gengler

    De Beienziichter hat d'Iddi fir d'Asbl Eis Beien ze grënnen.

  • Mathieu Schiltz

    De Mathieu Schiltz ass Kehlkappsänger, Philosophiestudent an der Mongolei a Sportler, mat der Ambitioun eng Equipe fir d'Nomadic Games 2022 op d'Been ze setzen....

  • Steve Kayser

    Muer fänkt déi 679. Editioun vun der Schueberfouer un. Wou kënnt Fouer hier a wéi huet se sech entwéckelt. Äntwerten dorop huet den Historiker a Fouerexpert.

  • Marc Rettel

    De Lëtzebuerger Stand op der Frankfurter Buchmesse ass a Virbereedung. De Coordinateur vum Lëtzebuerger Stand am Gespréich.

  • Brigitte Michaelis & Dr. Yann Gorges

    D'Responsabel fir Kommunikatioun vu Médecins du monde an ee vun den Doktere vun der Welt iwwer hir Summercampagne En été.

  • Nancy Braun

    Nach bis den 31. Dezember 2019 kënne Propose fir Projete fir d'Kulturjoer 2022 agereecht ginn, sou d'Directrice vun Esch 2022.

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen