Invité am Moies-Magazin

Christophe Wantz

Christophe Wantz vun ECPAT Lëtzebuerg

ECPAT stoung ufanks fir End Child Prostitution in Asian Tourism. Haut, iwwer 20 Joer méi spéit, ass vill geschitt, konkret fir Kanner a Mannerjäregen ze hëllefen a Mëssbrauch ze verhënneren, mä och z. B. wat de Gebrauch vu verschiddenen Termen ugeet.

2016 war den éischte Weltkongress, bei deem d'Groussherzogin Maria Teresa zu Stockholm präsent war. Dëst Joer, 2017, hat ECPAT Lëtzebuerg scho vill wichteg Momenter an huet nach eng gutt gefëllten Agenda bis Enn vum Joer.

Fir iwwer den Tabuthema ze schwätzen ass de Christophe Wantz, Responsabele fir Kommunikatioun a Partenariater bei ECPAT Lëtzebuerg, Invité beim Nathalie Bender

 

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen