KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

John Cage (1912-1992)

Musek ouni Nouten, e Stéck dat 639 Joer dauert a Kompositiounen, déi ganz um Zoufall berouen: Den John Cage ass mat sengen deelweis skurrille Wierker als ee vun deene bekanntsten, dofir awer och ëmstriddenste Komponisten an d'Geschicht agaangen. Mä wéi ass et dozou komm? Wat huet hie gemaach, ier hien d'Decisioun geholl huet, Komponist ze ginn? De Luc Boentges kuckt op déi éischt Jore vum John Cage an all déi verschidde Weeër, déi hien ageschloen huet.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen