Soirée Philharmonique

Guy Engels

Live-Matschnëtter vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, de Solistes Européens, Luxembourg an dem Orchestre de Chambre du Luxembourg. An der Concertspaus héiert Dir Gespréicher mat Dirigenten, Solisten, Orchestermuseker.

Den Daniel Hope

Den Daniel Hope spillt Glass

Den éischte Geieconcerto vum Philip Glass gëtt net dacks gespillt, virun allem wéinst den technesche Schwieregkeete vun der Kompositioun. D'Stéck ass duerch an duerch mat komplexe Rhythmen a repetitive Mustere mat hypnoteschem Charakter duerchsat. Den Daniel Hope hat sech dem Challenge gestallt an d'Wierk zesummen mam OPL opgefouert. Presentéiert vum Manuel Ribeiro.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen