SchrëftstellerIn vum Mount

All Mount steet eng Schrëftstellerin oder ee Schrëftsteller am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a ville Facette vum Wierk.

Batty Weber - Abreisskalender

Dem Batty Weber säin Haaptwierk: den "Abreisskalender". Iwwer 7.000 Texter huet den Auteur tëscht September 1913 an Dezember 1940 an der liberaler "Luxemburger Zeitung" publizéiert, Commentairen zu all méiglechen Themen, Plazen a Persounen. Säin "Abreisskalender" ass, wéi am Autorenlexikon vum CNL geschriwwe steet, "ein umfassendes kulturgeschichtliches Dokument". De Jay Schiltz huet sech mam Anne-Marie Millim vun der UNI Lëtzebuerg iwwert dëst Wierk ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen