Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

D'Dr. Ala'a Alkerwi & déi cardiovasculaire Fuerschung zu Lëtzebuerg

2007, also viru genee zéng Joer, hu Fuerscher vum Luxembourg Institute of Health, kuerz LIH, d'Oriscav-Lux-Etude gestart. D'Ofkierzung Oriscav-Lux steet fir Observation des Risques et de la Santé Cardio-Vasculaire au Luxembourg. De But: eng Bestandsopnam vun der cardiovasculairer Gesondheet vun der Lëtzebuerger Populatioun tëscht 18 an 69 Joer. Mëttlerweil leeft Oriscav-Lux-ll. D'Kerstin Thalau wollt vun der Chercheuse Ala'a Alkerwi méi iwwert fréier Konklusiounen an nei Objektiver gewuer ginn.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Haut den Owend live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen