Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Batty Weber neu gelesen

Am rezente Sammelband "Batty Weber - Werk und Wirkung" vun der Anne-Marie Millim gëtt den Zäitzeien, Beobachter, Intellektuellen a Schrëftsteller Batty Weber (1860-1940) virgestallt. Hie gouf virun allem bekannt als Historiker vum Alldag duerch seng Feuilletonserie "Abreisskalender", déi tëscht 1913 an 1940 an der liberaler "Luxemburger Zeitung" publizéiert gouf. Hei huet hien d'Lëtzebuerger Gesellschaft, Politik a Kultur a méi wéi 7.000 Texter beschriwwen a kommentéiert. Doriwwer eraus hat de Batty Weber och literaresch Wierker: Erzielungen, Novellen, Romaner an Theaterstécker verfaasst.

Hien huet och de Begrëff vun der "Mischkultur", fir d'Lëtzebuerger Gesellschaft ze beschreiwen, an d'Welt gesat.

Am Virtrag "Batty Weber neu gelesen" liest de Schauspiller Germain Wagner Extraiten aus de literareschen a journalisteschen Texter vum Auteur. 

D'Anne-Marie Millim ass Dozentin fir Anglistik op der Uni Lëtzebuerg  © CNL

Opgeholl de 4. Oktober 2017 am Centre national de littérature (CNL) zu Miersch a verschafft
 vum Carlo Link. 

Sammelband: "Batty Weber Werk und Wirkung" vum Anne-Marie Millim 2017. Coverzeechnung: Anne Mélan. 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

  • radio 100,7: Changement à la tête de la rédaction musicale

    M. Yves Stephany a été nommé à la tête de la rédaction musicale de la radio de service public radio 100,7. M. Stephany, 37 ans, y prend la relève de M. Fred Medernach qui a fait valoir ses droits à la retraite.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen