Invité am Moies-Magazin

D'Lëtzebuerger Actrice Geraldine Raths (Foto: Jean-Marc Turmes)

D'Lëtzebuerger Actrice Geraldine Raths

Zu Düsseldorf gebuer, eng Kandheet zu Lëtzebuerg, dunn op Berlin gaangen, dat ass de Wee vun der Lëtzebuerger Schauspillerin Geraldine Raths. Si ass d'Duechter vum Acteur Jean Paul Raths, mä steet awer komplett op eegene Féiss an ass ewell laang aus dem Papp sengem Schied erausgewuess. De Jean-Claude Majerus am Gespréich mat der jonker Actrice.

Rezent Emissiounen

  • Jim Schmitz

    Den 9. November ass Dag vum Bam - och zu Lëtzebuerg. Méi Detailer mam Vertrieder vun der Fondatioun Hëllef fir d'Natur.

  • Jean-Paul Reuter a Gery Oth

    1 sur 4.lu: 1 Persoun op 4 huet mat enger psychescher Krankheet ze doen. De President vun den Ateliers Thérapeutiques et Protégés an de Fotograf mat Detailer zur Campagne.

  • Conny Koob

    D'Chargée de communication vun de Naturparken Öewersauer, Our a Mëllerdall mat Detailer iwwer de Concours "Äre Projet (m)am Naturpark".

  • Pascal Kirsch (Pii NaamKeng)

    Den Thailand-Kenner erkläert seng Begeeschterung fir dat asiatescht Land, seng Leit a seng Sprooch, a firwat et kee Sënn huet, d'Mënschen do unzejäizen.
     

  • Ginette Kolinka

    Déi 94-järeg franséisch Jüddin huet d'Attrocitéiten an den Konzentratiounslagere vun den Nazien iwwerlieft a wëllt hir Geschicht besonnesch jonke Mënschen erzielen.

  • Emma Braslavsky

    "Wir haben die unglaubliche Gabe unseren Dämonen die größte Bühne zu geben ...". Déi renomméiert Berliner Schrëftstellerin am Gespréich.

  • D'Marlène Kreins impressionéiert den Impressionist Dominique Lang

    D'Marlène Kreins invitéiert am Kader vum 100. Doudesdag vum Diddelenger Moler Dominique Lang a véier verschidde Lang-Ausstellungen.

  • D'Jill Crovisier wëllt den Danz demokratiséieren

    D'Laureatin vum Lëtzebuerger Danzpräis 2019 ass rezent um Berliner Danzfilm-Festival mat engem "Pearls" geéiert ginn.

  • Doktere Jacques Zimmer an Aurélie Poli

    Déi 18. Reunioun vun der Society for Natural Immunity respektiv der NK 2019, déi während véier Deeg zu Lëtzebuerg ofgehale gouf.

  • Night, Light and More

    Dësen neien ëmweltbewossten an nohaltege Festival am Éislek setzt sech op verschidde Manéiere géint d'Liichtverschmotzung a fir en natierlechen Nuetshimmel an.

  • Valerija Berdi

    De Lëtzebuerger Stand op der Frankfurter Buchmesse. Impressiounen aus Frankfurt vun der weltwäit gréisster Bicherfoire.

  • Josy Arens

    Ass d'Visite vun der belscher Kinnekskoppel en Thema fir déi Belsch, déi heivir un der Grenz wunnen an op Lëtzebuerg schaffe kommen? De Buergermeeschter vun Attert ass den Invité.

  • Marion Chaygneaud-Dupuy

    Si huet de Mount Everest gebotzt: d'Marion Chaygneaud-Dupuy ass déi éischt Europäerin déi dräimol op der Spëtzt vum Mount Everest stoung.

  • Christiane a Jos Bourg

    Am Kader vum Weltdag vun der Organspend lancéiert protransplant.lu mam Artist Jacques Schneider d'Expo #Liewen. D'Sekretärin an de President vun der Asbl mat Detailer.

  • Carlo Arendt a Claude Sauber

    Zwee Ballongspiloten, déi viru ronn véier Wochen un der legendärer Coupe aéronautique Gordon Bennett deelgeholl hunn.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen