Concert Euroradio

E Concert mat klassescher Musek, enregistréiert vun engem Radio-Partner aus der Union Européenne de Radio-Télévision (UER).

Den amerikanesche Schrëftsteller Edgar Allen Poe (1809-1849)

Grujelgeschichten vum Edgar Allen Poe

Live-Matschnëtt aus dem War Memorial House am Dezember 2015

D'Oper vu San Francisco huet de Choix gemaach, zwee Wierker iwwert dem E. A. Poe seng Erzielung "The Fall of the House Usher" an engem Owend virzestellen. Déi amerikanesch Première vum Robert Orledge senger Konzeptioun vum Debussy sengem "La Chute de la Maison Usher", nieft der Uropféierung vum "Usher House" vum Gordon Getty.

  • Jason Bridges              Erzieler Egar Allen Poe, Tenor
  • Brian Mulligan              Roderick Usher, Bariton
  • Jacqueline Piccolino     Madeline Usher, Soprano 
  • Joel Sorensen              Den Dokter, Tenor
  • Anthony Reed              Doctor Primus, Bass

San Francisco Opera Orchestra

Lawrence Foster, Direktioun

Presentéiert vum Manuel Ribeiro.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen