World

Maria Gutierrez Fred Medernach

De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach

India Meets Europe an aner Kooperatiounen

Israelesch Musek, déi hir Originnen an den Irak op Bagdad siche geet, Bretonen, déi multikulturell ënnerwee sinn an traditionell indesch Kläng, déi an der Escher Kulturfabrik op Jazz vun hei stoussen ... de Fred Medernach presentéiert ë. a. eng etlech Interpreten, déi wuel aus verschiddene Kulturkreesser kommen, awer op der Bühn oder am Studio perfekt zesumme Musek maachen.

D'Playlëscht ass dës:

  1. Dudu Tassa and the Kuwaitis - Ya-um Al-Abaya
  2. Yossi Fine - Miles In The Desert
  3. Dudu Tassa and the Kuwaitis - Sayib Ya Galbi
  4. Rafiki Jazz - Har Chand Sahara
  5. India Meets Europe - Darbari
  6. India Meets Europe - Mosaic Visions
  7. Compagnie Doura - Om
  8. Compagnie Doura - Nilikwepo
  9. Rahim Alhay - Letter Nr.7 / Fly Home - Fatima

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Invité am Moies-Magazin - Night, Light and More

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen