Folk Revival

Jamie Reinert

An de 50er a 60er Jore kritt d'Folkmusek neien Opschwong an den USA souwéi am Vereenegte Kinnekräich. D'Renaissance vun den traditionelle Museken hat e groussen Impakt op déi national Identitéit a war op béide Säite mat sozialisteschen Tendenze verbonnen. Wat sinn d'Wuerzele vum Folk Revival, a wéi huet d'Musek sech bis haut weiderentwéckelt? Den Jamie Reinert beliicht dës musikalesch Renaissance.  

Calypso

D'lescht Woch hu mir eis mat Skiffle Musek befaasst. De wëlle Folk Genre deen Enn de 50er a Groussbritannien d'Musekszeen dominéiert huet. Em di nämlecht Zäit, op där anerer Säit vum Atlantik, huet en anere Genre d'Massen wibbele gedoen - Calypso. E Stil dee seng Originnen an der Karibik huet, mat pulséierende Rhythmen a feierleche Melodien.

Obwuel dës Musek schonn zanter den 30er an den USA a verschiddenen Ecker ze héiere war, ass eréischt 1957 de sougenannte "Calypso Craze" ugaangen. Den Ausléiser koum vun engem 29 Joer alen Harry Belafonte, mat enger Interpretatioun vun engem jamaikanesche Work Song. Mat "Day-O (The Banana Boat Song)" ass Calypso zu engem seriéise Konkurrent vu Rock'n'Roll ginn. Presentéiert vum Jamie Reinert.

Playlist:

  • Harry Belafonte - Day-O (The Banana Boat Song)
  • Lord Invader - New York Subway
  • Sir Lancelot - The Century of the Common Man
  • The Andrews Sisters - Rum and Coca-Cola
  • Harry Belafonte - Jamaica Farewell
  • Harry Belafonte - Lord Randall  
  • Maya Angelou - Stone Cold Dead in the Market
  • Stan Freberg - Banana Boat (Day-O)
  • Robert Mitchum - From a Logical Point of View

Rezent Emissiounen

  • "We shall overcome"

    Déi wichteg Roll vun dësem akustesche Genre am Civil Rights Mouvement: Folk Musek als politesch a sozial Waff

  • Greenwich Village

    New York als Zentrum vum amerikanesche Folk Music Revival: Dave Van Ronk, Bob Dylan an Joan Baez

  • Calypso

    Den Harry Belfonte, Lord Invader an Atilla the Hun: D'Popularitéit an de 1950er vun der Afro-Karibescher Folkmusek

  • Folk Clubs & Skiffle

    De Lonnie Donegan, déi transatlantesch Folk Bezéiungen an d'Ufäng vun der zweeter britescher Folk Renaissance

  • Rout Angscht

    Déi sozialistesch Wuerzele vu Folk an eng schwaarz Lëscht: Dem Joseph McCarthy seng Hexejuegd an den Impakt op d'Musek.

  • Verfeinerung fir d'Massen

    Kommerzialiséierung vum Folk: Vum ongeschlaffene Klang vum Leadbelly bis zu den harmoneschen Téin vu "The Weavers"

  • Äifreg Lidder Sammler

    Cecil Sharp, John & Alan Lomax an d'Renaissance vun der traditioneller Musek am Ufank vum 20. Joerhonnert.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

  • Literaturlabo 7: Bilan

    En Donneschdeg, 7.12. um 19:00 am Institut Pierre Werner

  • Offre d'emploi

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle recrute un(e) technicien(ne) radio.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen