Kommunikatioun a Medien

Marc Clement

Iwwert Informatioun, Kommunikatioun a Medien am Changement. Hannergrënn mam Bernt von zur Mühlen.

Léift an Zäiten vu Social Media

Maache Social Media d'Kommunikatioun a Relatioune futti oder kënnen si eng Stäip sinn? D'Anne Schaaf huet mat Psychologen iwwert d'Thema geschwat.

Rezent Emissiounen

  • Ten Arguments for Deleting Your Social Media Accounts Right Now

    Dem Jaron Lanier, engem Internet-Pionéier seng iwwerraschend net-polemesch Beschreiwung vun de soziale Medien als Venus-Méckefal.

  • Musek an AI

    De Museksbusiness war ee vun deenen éischten, dee vun den neie Medie revolutionéiert gouf.
     

  • Debater - Eng faszinéierend nei AI

    Dat neit Computergehir vun IBM ka Sourcen op hir Validitéit préiwen a logesch mateneen zu Argumenter verbannen an am direkten Dialog mat Experte mathalen.

  • Fakt, oder Meenung?

    Eng nei amerikanesch Etüd huet de Leit hir Fäegkeet op d'Prouf gesat, Fakten a Meenungen an Noriichtenartikelen auserneenzehalen.

  • Dräi Modeller vu staatlecher Desinformatioun

    De russesche "Firehose of Falsehood"-Modell vu medialer Veronsecherung ass zwar deen, iwwert deen am oftste geschriwwe gëtt, mee awer net deen eenzegen. Eng kleng Analys.

  • Jonker an hiert Sozialverhalen Online

    Wéi sti jonker tëscht 13 a 17 zum Internet an de soziale Medien? Zwou nei Studie ginn Äntwerten.

  • De Paradox tëschend der GDPR an de Blockchain Technologien

    Wa perséinlech Date musse geläscht kënne ginn, wéi et déi nei EU-Dateschutzregulatioun verlaangt, wéi steet et da mat Blockchain-Applicatiounen?

  • De Marc Zuckerberg virum Europaparlament

    Den Hearing vum Mark Zuckerberg am EU Parlament geschter war net nemmen eng Interrogation zu engem Date-Sëcherheetsskandal.

  • D'General Data Protection Regulation vun der EU

    Wat bedeit di nei Dateschutzregulatioun vun der Europäescher Unioun fir de Konsument, a wéi steet et mat de Reaktiounen an der Ëffentlëchkeet?

  • Roboter

    Sech eng artifiziell Intelligenz an engem Computernetzwierk virzestellen, ass schwéier. Net esou, wann déi Programmer an engem mënschenähnleche Kierper dohierkommen.

  • D'sozial Medien nei erfannen?

    Den Challenge, en neit soziaalt Medium ze erschafe fir Facebook ze deposéieren, ass lancéiert - vum engem gewëssenen Jason Calacanis.

  • Netflix an de Kino

    De Streaming-Riis Netflix baut seng Monopolstellung aus, frësst dobai esou muenches op, a polariséiert.

  • Facebook am amerikanesche Kongress

    Dem Mark Zuckerberg seng Äussoen am amerikanesche Kongress hun iwwer laang Strecken engem Introductiounscours zum Thema sozial Medie geglach.

  • Too Much Information - Wann Datenhaie Gewëssensbëss kréien

    Facebook a Cambridge Analytica - eng al Geschicht confirméiert sech.

  • Neutral Noriichte si gefrot

    Aus enger Etüd vum Pew research Center geet ervir, datt dräi véierel vun de Leit no politesch neutralen Noriichte verlaangen.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen