Musikalesch Visittekaart

Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.

D'Cathy Krier am Studio vum 100,7 fir d'musikalesch Visittekaart

D'Cathy Krier

Eng vun deene beschte Lëtzebuerger Pianistinnen ass d'Cathy Krier. Si gouf 1985 gebuer, huet am Stater Conservatoire, op der Héichschoul fir Musek an Danz zu Köln studéiert, wéi och beim Andra Lucchesini zu Florenz an an der Schola di Musica di Fiezole. D'Cathy Krier mécht zënterhier eng fantastesch solistesch Carrière.

D'Cathy Krier huet dem Manuel Ribeiro hir musikalesch Visittekaart iwwerreecht.  

  1. Franz Schubert: Wandererfantasie  (Maurizio Pollini)
  2. Bela Bartok: "Im Freien" - Nachtmusik  (György Sandor)
  3. Johannes Brahms: Concerto Nr. 1 (Emil Gilels, Eugen Jochum, Berliner Philharmoniker)
  4. L. v. Beethoven: Diabelli-Variatiounen  (Maria Yudina)
  5. J.S. Bach: Prélude a Fugue la min. BWV 865 (Christophe Rousset)
  6. Antonio Vivaldi: Véier Joreszäiten - Summer (Giuliano Carmignola, Venice Baroque Orchestra)
  7. Igor Strawinsky: Petrouschka  (Maurizio Pollini)
  8. Luciano Berio: Sonat fir Piano (Andrea Lucchesini)
  9. J.Ph. Rameau: Les Indes Galantes (Les Arts Florissants, William Christie)

Rezent Emissiounen

  • Den Tim Kleren

    Am Kader vun den 175 Joer Militärmusek presentéiert de Komponist a Militärmuseker seng musikalesch Visittekaart.

  • Christophe Wagner

    De Film-Realisateur  presentéiert seng Liiblingslidder.

  • De Majouer Jean-Claude Braun

    De Chef vun der Lëtzebuerger Militärmusek verréit seng musikalesch Virléiften.

  • Karin Melchert

    Sängerin, Autorin, Stëmmtrainerin: mat Téin a Musek ass d'Karin Melchert op vill Manéiere verbonnen.

  • Paul Kayser

    Den Organist a Komponist presentéiert säi musikalesche Choix.

  • D'Véronique Nosbaum

    D'Sopranistin presentéiert Musek, déi Statiounen an hirem Liewen markéiert huet.

  • René Penning

    Den administrativen Direkter vun der Escher Kulturfabrik bréngt Musek mat, déi hien zënter den Enn 80er bis haut begleet.

  • De Jean Portante

    Klassik, Jazz, Blues an e bësse Rock mam Schrëftsteller, Iwwersetzer a Journalist

  • Nicole Max: E Liewen zu Paräis

    D'Lëtzebuerg Actrice Nicole Max ass op de Brieder, déi d'Welt bedeiten an um groussen Ecran doheem. Haut presentéiert si eis hir musikalesch Visittekaart.

  • Danielle Roster

    D'Musikologin aus dem CID-Fraen an Gender presentéiert hire ganz perséinleche Choix.

  • Marco Pütz

    Dem Komponist a Professer seng Kompositioune stinn un der Weltspëtzt. Dacks gi seng Wierker op groussen internationale Concoursen ronderëm d'Welt agesat.

  • Josée Hansen

    Loscht op french house? Oder Bach? Vläicht industrial signéiert Die Einstürzende Neubauten? D'Josée Hansen huet apaart Musek matbruecht.

  • Carole Lorang

    Nei Welte schafen: Fir d'Carole Lorang, Regisseurin a Presidentin vun der Theaterfederatioun, ass dat och ee wichtege Critère, fir hir musikalesch Choixen. 

  • De Jean-Claude Bintz

    Den Tango huet hien a Saachen Telekommunikatioun gedanzt - mä och als Museker ass de Jean-Claude Bintz keen onbeschriwwent Blat.

  • De Roger Hamen

    Den éischten Direkter vun der Rockhal ass passionéierten Drummer an huet seng Lëscht mat Musek dofir och mat "Drummeroueren" zesummegestallt.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Noriichten

  • Ënnerwee

  • Panorama

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen