Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

15 Joer Eltereschoul vun der Fondatioun Kannerschlass

D'Eltereschoul vun der Fondatioun Kannerschlass organiséiert Konferenzen a beréit d'Elteren, wa si Froen zur Kannererzéiung hunn. D'Eltereschoul huet mëttlerweil fënnef Antennen am Land. Elo feiert d'Eltereschoul hire 15. Anniversaire. De Klaus Elgas, Koordinateur vun der Eltereschoul an der Stad erkläert, wat d'Aufgabe vun dëser Eltereschoul sinn. D'Tessy Steffen König féiert duerch d'Gespréich.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen