Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

De Cover vum Donald Fagen sengem éischte Solo-Album 'The Nightfly' (Oktober 1982)

Donald Fagen - The Nightfly

"Gaucho" war zwee Joer virdrun dat lescht gemeinsamt Wierk vum Duo Donald Fagen/Walter Becker. Op "The Nightfly" proposéiert de Fagen e Mix aus digital produzéiertem Pop an Jazz, als Hommage un d'Enn fofzeger Joren.

Mat Ausnam vun engem Cover komme sämtlech aacht Songs aus der Fieder vum Amerikaner, deen eng etlech prominent Matmuseker an de Studio invitéiert: mat derbäi sinn ë. a. d'Brecker-Gebridder Michael a Randy als Bléiser, de Larry Carlton an de Rick Derringer op der Gittar, Abe Laboriel a Marcus Miller um Bass, Jeff Porcaro vun Toto Drums ... an där e puer méi, 31 am Ganzen - déi deemoleg Crème haaptsächlech am Jazz-Beräich. Den Donald Fagen selwer assuréiert de Gesang a verschidde Keyboards.

Den Album kritt gutt Kritike bei senger Sortie, et geet awer och Rieds vun ze kalem an ze perfekt produzéiertem Sound. Presentéiert vum Fred Medernach.

Rezent Emissiounen

  • Stan Getz/Joao Gilberto

    E Bossamuseker mat engem Jazzsaxophonist: den Joao Gilberto an de Stan Getz hunn 1964 e Kultalbum vum Genre erausbruecht.

  • Donald Fagen - The Nightfly

    Den éischte Solo-Album vum kreative Kapp vum Duo Steely Dan aus dem Oktober 1982

  • The Doors - L. A. Woman

    De leschte Studioalbum vun Jim Morrison & Co aus dem Joer 1971, mat ë. a.dem Kulthit "Riders On The Storm".

  • Charles Bradley Hommage

    E Bléck op dem "Screaming Eagle of Soul" säi leschten Album an en exklusive Concertsausschnëtt

  • Creedence Clearwater Revival - Cosmo's Factory

    De meeschtverkaaften Album (1970) vum John Fogerty senger Band CCR ... mat Confirméiertem an e puer Iwwerraschungen

  • Grateful Dead - American Beauty

    Déi kalifornesch Kultband ronderëm den Jerry Garcia mat engem 70er Studioalbum, deen d'Formatioun a Beschtform weist.

  • Debut (1993) - Björk

    Deen Album, den déi exzentresch Islännerin der Welt bekannt gemaach huet, verbënnt Pop, Folk, Jazz a britesch EDM zu eppes - deemols - ganz Neiem.

  • Harvest - Neil Young

    En Album aus dem Februar '72 mat ville Gäscht, ë.a. de London Symphony Orchestra an e Welthit fir de Kanadier mat "Heart Of Gold".

  • Daniel Lanois Special

    Den exzentreschen an onverkennbare kanadesche Produzent musikalesch resuméiert.

  • Rebel Yell (1983) - Billy Idol

    Dem Billy Idol säin zweete Longplayer Rebel Yell ass e regelrechten Iwwergang vum Punk an d'Pop Musek. En Opus, deen dem Idol den Duerchbroch garantéiert hat.

  • Speak no Evil - Wayne Shorter

    E klengt Meeschterwierk aus dem Joer 1965 vum äusserst produktiven an afallsräiche Saxophonist Wayne Shorter.

  • Primus - Sailing the Seas of Cheese

    Den zweeten Album vun där innovatiivster Rockband aus den 90er Joren ënnert der Lupp.

  • Eric Clapton - 461 Ocean Boulevard

    De Comeback-Album vum' Mr. Slowhand' aus dem Joer 1974: no den Drogen steet d'Musek erëm am Mëttelpunkt vum Clapton sengem Liewen ... 

  • Bryter Layter – Nick Drake

    Dem englesche Folk Museker säi lëftege Konzept-Album vu 1971 mat Hëllef vum John Cale a Fairport Convention

  • Head Hunters - Herbie Hancock

    E Manifest vum Fusion a gläichzäiteg Virleefer vum Funk. Dësen Album muss een einfach héieren a gespiert hunn!

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen