Generator

Tessy Steffen Koenig Pit Walté

D'Jugend-Sendung um 100,7. Mam Weekend deen op vollen Touren dréint, Gäscht am Interview, Sortien, Trends, Gigs ... A beschter Generator-Musek.

Live vun der Nuit des Musées am MNHA

D'Anne Galowich mécht eng musikalesch Performance um Clavecin, en historescht Instrument.

Anne Galowich

D'Carole Bettendroffer ass Coordinatrice vun der Nuit des Musées. Mat hir geet Rieds iwwert den organisatoresche Volet. Am Ganze si siwe Muséeën un der Nuit bedeelegt.

Carole Bettendroffer vun de Stater Muséeën

D'Paulo Oliveira ass eng Fado-Sängerin an trëtt och op der Nuit des Musées op. Fado ass ee musikalesche Genre aus Portugal, an deem dacks Theme wéi Leift, Nostalgie a Jalousie op d'Tapéit kommen.

Paula Oliveira, Fado-Sängerin

José Duarte a Ricardo Chitas

Den Déierendokter Tom Conzemius vun der Déiereklinik Bäreldeng mécht eng Visite guidée spéciale Déierendokter am Kader vun der Expo Alles fir d'Kaz.

Déierendokter Tom Conzemius

D'Bib Wolf spillt ee Personnage aus der Steinzeit am Kader vun History Connects.

Bib Wolf

De Schräiner Biver mécht eng interaktiv an theatralesch Visite duerch den MNHA.

Schräiner Biver

De Premier, Medien-a Kulturminister Xavier Bettel war spontan Invité am Generator.

Xavier Bettel

Museums Connect ass eng kënschtleresch Performance vu verschiddene Kënschtler, déi live an all de Muséeën iwwerdroe gëtt. Domat soll éischtens op déi gutt Connectioun tëscht den Haiser higewise ginn, zweetens op d'Efforten, sech fir all Zorte vu Public opzemaachen. Och de verstäerkten Asaz vun neien Technologien an de siwe Muséeën soll doduerch ënnerstrach ginn.

 

Rezent Emissiounen

  • Generator

    D'Sendung steet ganz am Zeeche vun der Konscht. Et gëtt Musek vu Sonic Season an de Jacques Schmitz schwätzt iwwer d'Biller ,déi hie moolt.

  • Generator

    Um Programm sti Kleedung, Social Media a Metal.

  • Generator

    D'Luxembourg Marching Band ass am Studio an de Kaffi ass en Thema an der Sendung.

  • Generator

    Et gëtt Reggae mat Le Vibe an ILL sinn am Studio fir iwwer hire Queer Little Lies Festival ze schwätzen.

  • Generator

    Wou kommen d'Stereotyppen hier a wéi geet et der Ëmwelt?

  • Generator

    D'Rock-Formatioun Strysles presentéieren hiren Album "Power of Life" an d'CNEL, déi national Schülerkonferenz, schwätzt iwwer hir Projete fir 2019.

  • Generator

    "Kids Downtown" a "Yaya Van Chique" - wien dohannert stécht gitt der an dëser Editioun gewuer. Mee et gëtt e bësse geckeg, versprach!

  • Generator

    Themen dës Kéier sinn den neien Album vun der Lëtzebuerger Formatioun Stelise an en Sexpodcast.

  • Live vun der Nuit des Musées

  • An enger Woch si Wahlen

    Alles wat dir nach iwwer d'Politik wësse sollt.
     

  • Generator

    Extraiten aus eisem zweete Kichegespréich an de Vëlos-Fuerer Alex Kirsch ass op Besuch.

  • Generator

    Live vun der Nuit des Lampions vu Wolz

  • Generator

    E Gespréich an der Kichen, de Singer-Songwriter Adrian a vill gutt Musek steet dës Kéier um Programm beim Pit Walté.

  • Generator

    D'Lëtzebuerger Metal-Szene, de Museksfestival Last Summer Dance an de Parlement Européen des Jeunes sinn Thema an dëser Emissioun.

  • Generator an de Stären

    Spaceg Musek vu frëndlechen Astronauten, Musek gouf et och um People Festival, awer ouni Stroum, vu Batterien aus Pabeier a Bakterien, oder?

Programm

Dossieren

  • Mënscherechter

    Den 10. Dezember 1948 sinn zu Paräis déi universell Mënscherechter deklaréiert ginn. Um 70. Joresdag vun dëser Deklaratioun steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vun de Mënscherechter.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Offre d'emploi: Directeur général (M/F)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)

  • Communiqué du Conseil d’administration du 100,7

    Le Conseil a décidé de créer un comité de transition présidé par Mme Nancy Braun pour la période du 15/12/2018 jusqu'à l'entrée en fonction du nouveau Directeur (m/f). Mme Michèle Vallenthini est nommée suppléante.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen