Folk Revival

Jamie Reinert

An de 50er a 60er Jore kritt d'Folkmusek neien Opschwong an den USA souwéi am Vereenegte Kinnekräich. D'Renaissance vun den traditionelle Museken hat e groussen Impakt op déi national Identitéit a war op béide Säite mat sozialisteschen Tendenze verbonnen. Wat sinn d'Wuerzele vum Folk Revival, a wéi huet d'Musek sech bis haut weiderentwéckelt? Den Jamie Reinert beliicht dës musikalesch Renaissance.  

Greenwich Village

Northern Soul ass zu Manchester entstanen, Techno ass net vun Detroit ewechzedenken, an amerikanesche Folk huet eng enk Bezéiung mat Greenwich Village. De Montmartre vun New York, wou Enn de 50er, ufanks de 60er Folkmusek frësch opgebléit ass. Deemools war Greenwich Village fir eng ganz Generatioun eng Plaz, wou een net vun enger konservativer Gesellschaft agëengt war. E fräien Eck, wou d'Liewe méi labber hiergaangen ass. Presentéiert vum Jamie Reinert.

Playlist:

  1. Bob Dylan - Talkin' New York
  2. The Village Stompers - Washington Square
  3. Dave Van Ronk - In the Pines
  4. Peter, Paul and Mary - Jesus met the woman
  5. Clancy Brothers - Eileen Aroon
  6. Odetta - Jack O'Diamonds
  7. Bob Gibson - Alberta
  8. Joan Baez - All My Trials

Rezent Emissiounen

  • We shall overcome

    Déi wichteg Roll vun dësem akustesche Genre am Civil Rights Mouvement: Folkmusek als politesch a sozial Waff

  • Greenwich Village

    New York als Zentrum vum amerikanesche Folk Music Revival: Dave Van Ronk, Bob Dylan an Joan Baez

  • Calypso

    Den Harry Belfonte, Lord Invader an Atilla the Hun: D'Popularitéit an de 1950er vun der Afro-Karibescher Folkmusek

  • Folk Clubs & Skiffle

    De Lonnie Donegan, déi transatlantesch Folk Bezéiungen an d'Ufäng vun der zweeter britescher Folk Renaissance

  • Rout Angscht

    Déi sozialistesch Wuerzele vu Folk an eng schwaarz Lëscht: Dem Joseph McCarthy seng Hexejuegd an den Impakt op d'Musek.

  • Verfeinerung fir d'Massen

    Kommerzialiséierung vum Folk: Vum ongeschlaffene Klang vum Leadbelly bis zu den harmoneschen Téin vun The Weavers.

  • Äifreg Lidder Sammler

    Cecil Sharp, John & Alan Lomax an d'Renaissance vun der traditioneller Musek am Ufank vum 20. Joerhonnert

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen