Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Die ferne Kaiserin - Das Bild Maria Theresias in Luxemburg

Während hirer Herrschaft hat d'Maria Theresia nimools Lëtzebuerg besicht, ze wäit ewech vum Zentrum vun der Muecht war dës onbedeitend Provënz. Eng Rees vu Wien op Lëtzebuerg hätt mindestens véierzéng Deeg gedauert. Déi Lëtzebuerger déi d'Herrscherin perséinlech zu Gesiicht kritt hunn, kann een deemno op de Fangeren opzielen.

A sengem Virtrag geet de Guy Thewes dëse Froen no: Wat fir eng Virstellungen haten d'Lëtzebuerger vun hirer Herrscherin? Wéi beléift war d'Maria Theresia bei hire Lëtzebuerger "Untertanen"? Wat fir eng Biller vun der "Landesmutter" sinn am deemolegen Herzogtum zirkuléiert? 

Opgeholl de 4. Oktober am Musée Dräi Eechelen a verschafft vum Carlo Link.

Bildmaterial zum Virtrag vum Guy Thewes:

L'archiduchesse Marie-Thérèse d'Autriche (1717-1780) huile sur toile vers 1750 (Jean-Pierre Sauvage) Collection MNHA/M3E

François de Lorraine, époux de Marie-Thérèse (1708-1765) huile sur toile vers 1750 (Jean-Pierre Sauvage) Collection MNHA/M3E 

Joseph II (1741-1790), fils aîné de Marie-Thérèse et de François de Lorraine, huile sur toile vers 1750 (Jean-Pierre Sauvage) Collection MNHA/M3E

APOTHÉOSE DE MARIE-THÉRÈSE, Réplique de la peinture du plafond du Refuge d'Echternach au Marché-aux-Herbes (Frère Philippe Mattai)

Ducaton en argent, frappé à Anvers, 1752 Collection MNHA/M3E

 

Den Historiker Dr. Guy Thewes, Conservateur am Lëtzebuerg City Museum, Foto: Carlo Link

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen