Invité am Moies-Magazin

Nathalie Bender

D'Astrid Lorz-Zitzmann

D'GML, Gesellschaft fir Musekstherapie zu Lëtzebuerg, hat d'Astrid Lorz-Zitzmann den 13. Oktober 2017 fir eng Konferenz agelueden: "Maladie - Expression - Transformation (Krankheit - Ausdruck - Wandlung). D'Roll vun de musekstherapeutesche Méiglechkeeten fir d'Verschaffe vu schwéieren Erkrankunge bei Kanner, Jugendlechen an hir Famillen stoung am Mëttelpunkt.

Musekstherapie ass beispillsweis an Däitschland net méi ewech ze denken, mä och zu Lëtzebuerg fënnt dës Therapie ëmmer méi groussen Uklang.

De Manuel Ribeiro huet sech mat der Museks- an Psychotherapeutin getraff, fir iwwert déi verschidden Aspekter vun der Musekstherapie ze schwätzen.

Rezent Emissiounen

  • Michel Delage a Valerija Berdi

    Ee Buch - Zwou Meenungen. Iwwer dem Claude Schmit säi Roman "Kinderland".

  • Nora Wagner a Residenz am Cercle Cité

    D'Kënschtlerin wëllt mat hirer Installatioun "Metamorph" am Cercle Cité eis Virstellungskraaft nei aktivéieren a stäerken.

  • Michel Clees

    "Die Nächte" -Vertount Lyrik- den Dichter a Museker am Gespréich iwwer seng nei engagéiert Texter.

  • Lambert Schlechter

    Et gëtt keen Obstakel, deen dëse Literat vum Schreiwen ofhale kann. E Gespréich iwwer seng vergaangen, aktuell a zukünfteg Literatur an dem domat verbonnene Liewen.

  • Brisons les barrières pour l'autisme

    Eng Konferenz muer den Owend (29.3.) am Kader vum weltwäite Sensibiliséierungsdag fir den Autismus den 2. Abrëll.

  • Den digital curator Gilles Zeimet

    Den Nationalmusée um Fëschmaart ass definitiv am digitalen Zäitalter ukomm: vun elo u ginn 3D-Visitten proposéiert op www.mnha.lu.

  • Guy Feidt vum Parc Merveilleux

    Viru puer Deeg huet de Mäerchepark zu Beetebuerg seng Diere fir d'Saison nees opgemaacht.

  • Roberto Magro

    E Gespréich mat engem zäitgenësseschem Zirkusregisseur.

  • Jean-Paul Kieffer

    De Jean-Paul Kieffer ass passionéierte Fotograf a Manager vum Konschtfluch-Pilot Nicolas Ivanoff, deen am "Red Bull Air Race" matflitt.

  • Esther Kinsky

    Mat "Hain. Geländeroman" gewënnt si de renomméierte "Preis der Leipziger Buchmesse".

  • LiteraturLabo8: Magesche Realismus

    An enger Welt an där et haaptsächlech ëm Fakten oder gefakten Noriichte geet kënnt déi natierlech Magie vum Liewen gären ze kuerz.

  • Valerija Berdi mam Réckbléck op d'Frankfurter Buchmesse

    Literatur an all hire Formen presentéiert d'Leipziger Buchmesse all Joer mam Fokus op Osteuropa.

  • De Patrick Galbats presentéiert "Hit me one more time"

    "Hit me one more time" ass eng beonrouegend Fotoexpo iwwert déi aktuell Situatioun an Ungarn, also och iergendwéi iwwert d'Stëmmung an Europa.

  • Valerija Berdi vun der Leipziger Buchmesse

    Grouss Themen a Schwéierpunkten op der Leipziger Buchmesse

  • Valerija Berdi vun der Leipziger Buchmesse

    Esther Kinsky gëtt mam Buchpräis vun der Leipziger Buchmesse ausgezeechent. 

Dossieren

  • #chamberleak

    Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen