D'Astrid Lorz-Zitzmann
D'GML, Gesellschaft fir Musekstherapie zu Lëtzebuerg, hat d'Astrid Lorz-Zitzmann den 13. Oktober 2017 fir eng Konferenz agelueden: "Maladie - Expression - Transformation (Krankheit - Ausdruck - Wandlung). D'Roll vun de musekstherapeutesche Méiglechkeeten fir d'Verschaffe vu schwéieren Erkrankunge bei Kanner, Jugendlechen an hir Famillen stoung am Mëttelpunkt.
Musekstherapie ass beispillsweis an Däitschland net méi ewech ze denken, mä och zu Lëtzebuerg fënnt dës Therapie ëmmer méi groussen Uklang.
De Manuel Ribeiro huet sech mat der Museks- an Psychotherapeutin getraff, fir iwwert déi verschidden Aspekter vun der Musekstherapie ze schwätzen.