Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

L. A. Guns & Samael

L.A. Guns

No bal 15 Joer kënne Fans vun der Band L. A. Guns sech nees iwwert en authenteschen Album freeën, nodeems d'Bandmemberen, déi sech Ufank vun den 2000er getrennt haten a mat zwou Versioune vun der Band mam selwechten Numm weidergemaach hunn, elo nees zesummefonnt hunn an och zesummen en neien Album gemaach hunn. De Sänger Phil Lewis ass dem David Wagner säin Invité.

Release vun der Woch: Samael - Hegemony (7,5/10)

6 Joer no hirem leschte Studioalbum hu sech Samael dëse Mount mat hirem neien Album Hegemony zréckgemellt. De mëttlerweil eeleften Album vun de Schwäizer kënnt domat passend zum drësseg-järege Bandjubiläum. Souwuel den Titel wéi och de Cover vum Album maachen en zimlech dystopeschen Androck an erënneren dach bëssen un Illuminati, notamment d'Dräieck an d'Aen um US-Dollar Schäin. An dorëms schéngt et och um Album ze goen.

Stilistesch si Samael op Hegemony deem trei bliwwen, wat si och well déi lescht puer Albume gemaach hunn, et ass also relativ wéineg Black Metal am kalssesche Sënn vum Wuert, grad esou wéineg Elektro Elementer à la Passage oder Eternal gëtt et, och wann ee vun dësem Album kloer ka soen, dass et sech ëm Industrial Black Metal handelt. Dat ganzt ass dann och nees wéi gewinnt zimlech symphonesch; d'Gittaren an d'Drums weise sech wéi ëmmer stampfend, déi eng oder aner Kéier awer och mol gäre schwéierfälleg, sou dass et scho bëssen death-doomeg gëtt.

A Punkto Melodie ass virun allem Rite of Renewal ze ernimmen, ma och ganz hannen um Album si puer ganz staark Stécker ze fannen, wéi z. B. Dictate Of Transparency an een Track mat deem ech net gerechent hat, nämlech e Cover vun de Beatles hirem Helter Skelter.

En negative Punkt op Hegemony ass awer deen, dass et relativ wéineg Dynamik gëtt an all Lidd iergendwié ähnlech kléngt. Och wann dës duerchaus cool sinn, vermësst een dach awer bëssen d'Ofwiesslung. E richtegen Highlight gëtt et deemno och net, ma duerch déi agängeg Melodien an déi typesch Samael Atmosphär ass den Album awer gelongen.

Playlist

Sepultura - Beneath the Remains (Beneath The Remains; Roadracer; 1989)

Trivium - Betrayer (The Sin And The Sentence; Roadrunner; 2017)

L.A. Guns - Speed (The Missnig Peace; Frontiers Music; 2017)

Cannibal Corpse - Red Before Black (Red Before Black; Metal Blade; 2017)

Arch Enemy - The Race (Will To Power; Century Media; 2017)

Samael - Hegemony (Hegemony; Napalm; 2017)

Apocalyptica - Harvester Of Sorrow (Plays Metallica By Four Cellos; Mercury/Universal; 1996)

Cultura Tres - Waiting For You (La Secta; Independent; 2017)

Rezent Emissiounen

  • Feradur

    Am Interview ass dës Kéier d'Band Feradur, déi den 22. Juni 2019 hiren neien Album "Legion" erausbréngen.

  • Per Wiberg

    Am Interview ass dës Woch de fréiere Keyboarder vun Opeth a Multiinstrumentalist Per Wiberg, deen am Mee säi solo-Debut erausbruecht huet.

  • Amon Amarth

    Am Interview d'Vikinger vun Amon Amarth, déi am Mee hiren neien Album "Berserker" erausbruecht hunn.

  • Kraton

  • Tëschegas

    Am Interview dës Kéier d'Minett Metaller vun Tëschegas, déi hiren neien Album "Stad, Land, Goss" virstellen.

  • Possessed

    Am Interview ass d'Death Metal Legend Jeff Becerra vu Possessed.

  • Witherfall

    Am Interview sinn de Gittarist an de Sänger vun der Band Witherfall, den Jake Dreyer an den Joseph Michael, et geet ëm hir nei EP "Vintage".

  • Metal Meltdown

    Am Interview sinn dës Woch d'Shadowhispers, déi iwwert hiren neie Projet "Metal & Pipes" schwätzen.

  • Metal Meltdown

    Nei Musek vun ënner anerem Amon Amarth, Allegaeon, Baroness an Asathor

  • Wacken 2019

    En Ausbléck op d'Highlights vum Wacken 2019

  • Metal Meltdown

    Nei Musek vun Antopomorphia, Children Of Bodom oder Mike Morton

  • Metal Meltdown

    Neits aus der Welt vum Metal, mat ënnert anerem In Flames, Devin Townsend a grand Magus.

  • Whitechapel

    Am Interview ass haut de Sänger vun den amerikaneschen Deathcore Veterane Whitechapel. Rieds geet iwwer hiren neien Album "The Valley".

  • Metal Meltdown

    Neits vun ënnert anerem In Flames, Inter Arma an Exumer.

  • Inzest

    Den 9. Februar kënnt den Debutalbum vun der Band Inzest eraus. "Collateral Damage" heescht en.

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen