Du bass e Museks... wat?

Luc Boentges

E Reagenzglas voller Nouten, eng Tafel voller Theorien an en Aarbechter an enger Museksfabrik. Dës Biller entspriechen natierlech net der Wierklechkeet vu Musekswëssenschaftler, -theoretiker a -produzenten. Mä wéi schaffen all dës Mënschen tatsächlech? A wéi gesäit hiren Alldag aus? De Luc Boentges geet op d'Sich no de Beruffer hannert der Musek a léisst sech vun Experten erklären, wat si eigentlech maachen.

Prof. Dr. med. Claudia Spahn

Musekermedezinnerin

D'Musekermedezin beschäftegt sech mat der Diagnostik, der Behandlung an der Präventioun vu medezinesche Problemer vu Museker. Lampenfieber ass dobäi genee esou e grousst Thema, wéi zum Beispill d'Iwwerlaaschtungssyndrom. Wéini gëtt een zu engem Fall fir d'Musekermedezin? Ginn et Verletzungen, déi typesch fir en Instrument sinn? A wat kann ee géint Lampenfieber maachen? De Luc Boentges huet mat der Claudia Spahn, der Directrice vum Freibruger Institut fir Musekermedezin, geschwat.

Rezent Emissiounen

  • Museksvermëttlerin

    D'Viviane Waschbüsch an d'Bianca Hellberg verzielen iwwer hire Beruff.

  • Musekermedezinnerin

    D'Claudia Spahn, Directrice vum Freiburger Institut fir Musekermedezin, verzielt iwwer hiert Fach.

  • Museksethnolog

    Den Damien Sagrillo gëtt en Abléck an d'Aarbecht vun engem Museksethnolog.

  • Musekstheoretiker

    De Claude Lenners gëtt en Abléck an d'Welt vun der Musekstheorie.

  • Museksproduzent

    Wéi erreecht een den optimale Klang? Wéi vill Aarbecht stécht hannertenger Opnam? De Marco Battistella jr. gëtt en Abléck a säi Beruff.

  • Musekskritiker

    De Remy Franck an den Alain Steffen iwwer Kritiken, Kritiker a Kritiséierter

  • Musekswëssenschaftler op der Uni Lëtzebuerg

    D'Noute vum Jean-Antoine Zinnen erëmfannen an eng Lëtzebuerger Museksgeschicht schreiwen - Aufgabe vun engem Musekswëssenschaftler.

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen