Invité am Moies-Magazin

Der Anja Röhl hier Vue op d'Ulrike Meinhof

Den Hierscht 1977 gëtt an Däitschland haut als Héichpunkt vum Terror duerch di lénks-extremistesch Rout-Arméi-Fraktioun, kuerz RAF, bezeechent. Genee 40 Joer ass dat hier, a bis haut bleift villes ze klären, splécken d'RAF-Memberen déi däitsch Natioun. D'Équipe vun der Frauen-Gender-Bibliothek Saar zu Saarbrécken wollt en anere Bléck op déi Zäit presentéieren an huet d'Anja Röhl fir eng Liesung invitéiert. D'Anja Röhl hat den RAF-Grënnungsmember Ulrike Meinhof als 2. Fra vun hirem Papp kennen- a schätze geléiert. D'Kerstin Thalau war op Saarbrécken.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Iwwer Mëtteg

  • On air

    Resonanzen

    • CD-Klassik - Archipelago

  • Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen