Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Samael & Cannibal Corpse

Samael

Samael gehéieren zu de Pionéier vum Black Metal, ënnert anerem och dowéinst, well si sech net iergendwelleche Genre-Barrièren ënnerwerfen, mä der Kreativitéit ëmmer fräie Laf gelooss hunn, an de Bord vum Genre ëmmer méi gepusht hunn. Am Interview mam Sänger a Gittarist Vorph hunn ech probéiert erauszefannen, wéi si et fäerdeg bruecht hunn, ëmmer nees de Stil ze änneren an awer onverkennbar ze bleiwen ... a wéi si dat och nees op hirem neisten Album 'Hegemony' gemaach hunn, deen dëse Mount erauskoum.

Release vun der Woch: Cannibal Corpse - Red Before Black (8/10)

Wéi Cannpibal Corpse 1990 mat hirem Debutalbum Eaten Back To Life d'Metal Welt op d'Kopp gehäit hunn, hu si selwer grad esou ee geféierlechen Androck gemaach wéi déi Mëll an hire kranken Texter. Och wann dës Bedreelechkeet hautesdaags net méi grad sou intensiv ass an de Schock-Faktor ofgeholl huet, sou si Cannibal Corpse dach nach ëmmer eng ganz explosiv musikalesch Kombo an och de 14. Album Red Before Black, deen den 3. November bei Metal Blade erauskënnt, ass e richtegt Béischt ginn.

Wié gewinnt gëtt et och um 10. Album mat der mënschlecher Wandmillen George "Corpsegrinder" Fisher weider Geschichten iwwer Zerstéierung, Mord, Douschlag a verstëmmelt Kadaveren.. Dat ganzt natierlech nees mat der knallhaartster Musek ënnermoolt.

A wéi dat bei Cannibal Corpse nun emol sou ass, ass och den neien Album Red Before Black voll mat geschéckten old-school death metal Schauergeschichten à la Code of the Slashers oder Shedding my Human Skin.

Den Titeltrack ass richteg massiv an däiwlech, währenddeems sou Tracks wéi Corpus Delicti nach emol dat musikalescht Kënne vun de Gittariste Pat O'Brien a Rob Barret ervirhieft, déi an engem Stuerm duerch den Album shredden.. Och wa Cannibal Corpse sech nees bësse widerhuelen, Red Before Black ass en Album dee gutt an de Rescht vun der Diskographie passt.

Playlist

Celtic Frost - Circle Of The Tyrants (To Mega Therion; Combat Records; 1985)

Firespawn - Full Of Hate (The Reprobate; Century Media; 2017)

Samael - Hegemony (Hegemony; Napalm; 2017)

Satyricon - To Your Brethren In The Dark (Deep Calleth Upon Deep; Napalm; 2017)

Moonspell - Desastre (1755; Napalm; 2017)

Vredehammer - Suffocate All Light (Single; Indie Recordings; 2017)

Cannibal Corpse - Code Of The Slashers (Red Before Black; Metal Blade; 2017)

Svart Crown - Orgasmic Spiritual Ecstasy (Abreaction; Century Media; 2017)

Fusion Bomb - Beertroopers Of Death (Pravda; Independent; 2017)

Rezent Emissiounen

  • Rotten Stones Festival

    D'Organisateure vum Rotten Stones Festival am Interview a Musek vun all Band, déi do spillt.

  • Elysian Gates & Korn

    D'lescht Woch ware se am Studio fir selwer iwwert hiren neien Album ze schwätzen, haut schwätzt den David Wagner iwwert Crossroads vun Elysian Gates. Dat ass dës Kéier den Album vun der Woch.

  • Elysian Gates, Soulhenge a Bullet for my Valentine

    Et gëtt just zwou Symphonic Metal Bands zu Lëtzebuerg an eng dovunner bréngt um 21. Mee hiren neien Album eraus. An deem Kontext sinn Elysian Gates dës Kéier dem David Wagner seng Invitéen am Metal Meltdown

  • Metal Meltdown goes Wacken Open Air 2.0

  • Metal Meltdown goes Wacken Open Air

    Dës Kéier dréit sech alles ëm de Wacken. D'Highlighte vun der Editioun 2016 gi virgestallt.

  • Earthgrave, Elysian Gates & Mortal Terror

    Am Metal Meltdown stellt den David Wagner iech dës Kéier eng nei Doom / Sludge Band vir a reviewt den neien Album vu Mortal Terror.

  • Metal Meltdown goes Aborted

    Am Metal Meltdown gëtt et haut nach e Krack méi haart wéi soss. Haut dréit sech beim David Wagner nämlech alles ëm déi belsch Death Metal Band Aborted.

  • Sublind - 10th Beersday, Desdemonia & Otep

  • Kitshickers, We Knew John Doe & Ihsahn

    E Gespréich mat de Museker aus der Lëtzebuerger alternativer Musekszeen iwwert hiren neien Album an iwwert d'Crowdfunding Campagne dofir.

  • Metalfestival Koplescht, WKJD & Amon Amarth

  • Miles to Perdition & Scarlet Anger

    Miles to Perdition vertriede Lëtzebuerg dëst Joer um Musek Open Air Festival Wacken.

  • Metal vs. Cancer

    Och an der Metalzeen gi regelméisseg Concerte fir de gudden Zweck organiséiert.

  • Scarlet Anger

    Den neien Album vun de lokalen Thrasher Scarlet Anger, deen d'Band um Metalfestival zu Koplescht presentéiert.

  • Metal Meltdown goes Entombed (A.D.)

    Am Metal Meltdown dréint sech dës Kéier alles ëm Entombed A.D.. Et gëtt en Interview mam L.G. Petrov an e Review vum neisten Album Dead Dawn, deen Enn Februar erauskomm ass.

  • Nordic Rock & Sleepers' Guilt

    An der Emissioun Metal Meltdown geet et haut ënnert anerem ëm den Nordic Rock, dem Metal- a Rockfestival, deen all Joer am Norde vum Land stattfënnt, an dir kritt déi nei CD vu Sleeper’s Guilt virgestallt. Eng Emissioun vum David Wagner.

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen