Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Samael & Cannibal Corpse

Samael

Samael gehéieren zu de Pionéier vum Black Metal, ënnert anerem och dowéinst, well si sech net iergendwelleche Genre-Barrièren ënnerwerfen, mä der Kreativitéit ëmmer fräie Laf gelooss hunn, an de Bord vum Genre ëmmer méi gepusht hunn. Am Interview mam Sänger a Gittarist Vorph hunn ech probéiert erauszefannen, wéi si et fäerdeg bruecht hunn, ëmmer nees de Stil ze änneren an awer onverkennbar ze bleiwen ... a wéi si dat och nees op hirem neisten Album 'Hegemony' gemaach hunn, deen dëse Mount erauskoum.

Release vun der Woch: Cannibal Corpse - Red Before Black (8/10)

Wéi Cannpibal Corpse 1990 mat hirem Debutalbum Eaten Back To Life d'Metal Welt op d'Kopp gehäit hunn, hu si selwer grad esou ee geféierlechen Androck gemaach wéi déi Mëll an hire kranken Texter. Och wann dës Bedreelechkeet hautesdaags net méi grad sou intensiv ass an de Schock-Faktor ofgeholl huet, sou si Cannibal Corpse dach nach ëmmer eng ganz explosiv musikalesch Kombo an och de 14. Album Red Before Black, deen den 3. November bei Metal Blade erauskënnt, ass e richtegt Béischt ginn.

Wié gewinnt gëtt et och um 10. Album mat der mënschlecher Wandmillen George "Corpsegrinder" Fisher weider Geschichten iwwer Zerstéierung, Mord, Douschlag a verstëmmelt Kadaveren.. Dat ganzt natierlech nees mat der knallhaartster Musek ënnermoolt.

A wéi dat bei Cannibal Corpse nun emol sou ass, ass och den neien Album Red Before Black voll mat geschéckten old-school death metal Schauergeschichten à la Code of the Slashers oder Shedding my Human Skin.

Den Titeltrack ass richteg massiv an däiwlech, währenddeems sou Tracks wéi Corpus Delicti nach emol dat musikalescht Kënne vun de Gittariste Pat O'Brien a Rob Barret ervirhieft, déi an engem Stuerm duerch den Album shredden.. Och wa Cannibal Corpse sech nees bësse widerhuelen, Red Before Black ass en Album dee gutt an de Rescht vun der Diskographie passt.

Playlist

Celtic Frost - Circle Of The Tyrants (To Mega Therion; Combat Records; 1985)

Firespawn - Full Of Hate (The Reprobate; Century Media; 2017)

Samael - Hegemony (Hegemony; Napalm; 2017)

Satyricon - To Your Brethren In The Dark (Deep Calleth Upon Deep; Napalm; 2017)

Moonspell - Desastre (1755; Napalm; 2017)

Vredehammer - Suffocate All Light (Single; Indie Recordings; 2017)

Cannibal Corpse - Code Of The Slashers (Red Before Black; Metal Blade; 2017)

Svart Crown - Orgasmic Spiritual Ecstasy (Abreaction; Century Media; 2017)

Fusion Bomb - Beertroopers Of Death (Pravda; Independent; 2017)

Rezent Emissiounen

  • Metal Meltdown goes Machine Head!

    Och wann hire Concert dës Woch huet missen ofgesot ginn: Machine Head sinn Headliner am Metal Meltdown!

  • Sleepers' Guilt & The Majestic Unicorns From Hell

    Haut schwätzt den David mat de Museker vu Sleepers Guilt iwwert hiren neien Album a stellt iech och den neien Album vun de Majestic Unicorns From Hell vir.

  • Soleil Noir, Everwaiting Serenade & Fleshgod Apocalypse

    Am Metal Meltdown geet et haut ënnert anerem ëm eng speziell Serie vu Concerten am Mudam, et gëtt Neiegkeeten aus der lokaler Zeen an den Agenda vun den nächste Concerten.

  • The Majestic Unicorns From Hell, Sleepers' Guilt & Spoil Engine

    Am Metal Meltdown gëtt haut en Tour de Table ronderëm de Metal Battle gemaach an am Interview stellen The Majestic Unicorns From Hell hiren neien Album vir.

  • Exposer, Borknagar & Machine Head

    An der Emissioun Metal Meltdown stellt den David Wagner haut eng nei lëtzebuerger Band vir an et ginn Tickeën ze gewannen fir den ausverkaafte Concert mat Machine Head de 17. Februar am Atelier.

  • Lemmy, Motörhead & Aborted

    D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Metal Zeen, Réckbléck op dem Lemmy säi Begriefnis, d'Metal Release vun der Woch an den Agenda mat den nächste Concerten.

  • Metal Battle 2016 & Do You Even Metal?

    D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Metal Zeen, de Metal Battle vum 19. März, d'DVD "Do You Even Metal?", déi et ze gewanne gëtt an den Agenda mat den nächste Concerten.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen