Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Samael & Cannibal Corpse

Samael

Samael gehéieren zu de Pionéier vum Black Metal, ënnert anerem och dowéinst, well si sech net iergendwelleche Genre-Barrièren ënnerwerfen, mä der Kreativitéit ëmmer fräie Laf gelooss hunn, an de Bord vum Genre ëmmer méi gepusht hunn. Am Interview mam Sänger a Gittarist Vorph hunn ech probéiert erauszefannen, wéi si et fäerdeg bruecht hunn, ëmmer nees de Stil ze änneren an awer onverkennbar ze bleiwen ... a wéi si dat och nees op hirem neisten Album 'Hegemony' gemaach hunn, deen dëse Mount erauskoum.

Release vun der Woch: Cannibal Corpse - Red Before Black (8/10)

Wéi Cannpibal Corpse 1990 mat hirem Debutalbum Eaten Back To Life d'Metal Welt op d'Kopp gehäit hunn, hu si selwer grad esou ee geféierlechen Androck gemaach wéi déi Mëll an hire kranken Texter. Och wann dës Bedreelechkeet hautesdaags net méi grad sou intensiv ass an de Schock-Faktor ofgeholl huet, sou si Cannibal Corpse dach nach ëmmer eng ganz explosiv musikalesch Kombo an och de 14. Album Red Before Black, deen den 3. November bei Metal Blade erauskënnt, ass e richtegt Béischt ginn.

Wié gewinnt gëtt et och um 10. Album mat der mënschlecher Wandmillen George "Corpsegrinder" Fisher weider Geschichten iwwer Zerstéierung, Mord, Douschlag a verstëmmelt Kadaveren.. Dat ganzt natierlech nees mat der knallhaartster Musek ënnermoolt.

A wéi dat bei Cannibal Corpse nun emol sou ass, ass och den neien Album Red Before Black voll mat geschéckten old-school death metal Schauergeschichten à la Code of the Slashers oder Shedding my Human Skin.

Den Titeltrack ass richteg massiv an däiwlech, währenddeems sou Tracks wéi Corpus Delicti nach emol dat musikalescht Kënne vun de Gittariste Pat O'Brien a Rob Barret ervirhieft, déi an engem Stuerm duerch den Album shredden.. Och wa Cannibal Corpse sech nees bësse widerhuelen, Red Before Black ass en Album dee gutt an de Rescht vun der Diskographie passt.

Playlist

Celtic Frost - Circle Of The Tyrants (To Mega Therion; Combat Records; 1985)

Firespawn - Full Of Hate (The Reprobate; Century Media; 2017)

Samael - Hegemony (Hegemony; Napalm; 2017)

Satyricon - To Your Brethren In The Dark (Deep Calleth Upon Deep; Napalm; 2017)

Moonspell - Desastre (1755; Napalm; 2017)

Vredehammer - Suffocate All Light (Single; Indie Recordings; 2017)

Cannibal Corpse - Code Of The Slashers (Red Before Black; Metal Blade; 2017)

Svart Crown - Orgasmic Spiritual Ecstasy (Abreaction; Century Media; 2017)

Fusion Bomb - Beertroopers Of Death (Pravda; Independent; 2017)

Rezent Emissiounen

  • Anthrax & Lost In Pain

    Am Interview: den Drummer Charlie Benante, Sujet ass e.a. de neien DVD vun der Band.

  • Desdemonia

    Am Interview an am Review dës Woch déi legendär Lëtzebuerger Death Metal Band Desdemonia. Ophänktert ass hiren neien Album Anguish.

  • Caliban & Mike Litoris Complot

    Eng Entdeckung ... made in Lëtzebuerg!

  • Forge & Pestilence

    Feinsten Doom Metal

  • Deen neien Album vun den Night In Gales

    Night in Gales : Si klénge musikalesch wéi Schweden, kommen awer aus dem Rheinland hei vir an Däitschland.

  • Skeletal Remains

    "Condemned to Misery" ass den zweete Release vun de Kalifornier aus Whittier.

  • Ektomorf? Metal aus Ungarn!

    Vläicht net onbedéngt dat Land, wou een direkt Metal siche geet - mä et gëtt en! Am Interview ass de Frontmann vun der ungarescher Band Ektomorf.

  • Visigoth

    Discovery Zone - de Metal Meltdown-Tip heescht haut 'Visigoth' aus Salt Lake City, Utah

  • We Sell The Dead & Tribulation

    De Gittarist vun In Flames Niclas Engelin op eegene Féiss mat enger eegener Band ...

  • Black Label Society

    Neies vum Zakk Wylde - ëmmerhi si véier Joer zënter "Catacombs of The Black Vatican" vergaangen.

  • Corrosion Of Conformity

    "No Cross, No Crown" - deen neien Album vun den US-Amerikaner aus North Carolina steet am Mëttelpunkt vun dëser Metal-Stonn.

  • Avatar

    Den neien Album "Avatar Country" vun der schwedescher Zirkus Metal Band, déi zënter 16 Joer derbäi ass.

  • Beschten 2017er Metal!

    Alles logo den Owend: zum Schluss vum Joer gëtt et kloer ... e 'best of' aus dem Metalberäich.

  • Tribulation & Accuser

    Dir héiert ënnert anerem een Interview mat der schwedescher Band Tribulation.

  • Watain & Autopsy

    De 5. Januar bréngt déi schwedesch Black Metal Band Watain hiren neien Album eraus. De Sänger vun der Band Erik Danielsson am Interview.

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen