Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

500 Joer Reformatioun

De Martin Luther hat 1517 seng 95 Thesen un d'Schlasskierch vu Wittenberg geneelt, an domadder de Grondstee geluecht vun enger neier Kierch - a vu jorelaange Reliounskricher. Déi evangelesch Kierch feiert dann och dëst Joer 500 Joer Reformatioun. Dofir ass de Reformatiounsdag haut - deen all Joer den 31. Oktober ass - eemoleg zum nationalen däitsche Feierdag deklaréiert ginn. D'Theologin Margot Kässmann huet d'Feierlechkeete fir déi däitsch evangelesch Kierch geleet. 250 Milliounen Euro goufe fir d'Jubiläumsjoer ausginn. Vill Suen, déi firwat agesat ginn? ... Dozou d'Margot Kässmann am Gespréich mam Mick Entringer.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen