Gesondheet a Soziales

André Dübbers

Liewen nom Schlag

Hei am Land maachen all Dag véier Leit en Hireschlag. Duerno ass näischt méi wéi fréier. Et ass ee gefaangen a sengem deelweis paralyséiertem Kierper, deen net méi mécht, wat ee wëllt: Seng Gedanken, säin Denken net méi a Wierder kënnen ze faassen, net méi kënnen ze schwätzen. Net méi kënnen ze goen. Et ass dat eng onsiichtbar Krankheet, déi och dacks mat sozialer Exklusioun verbonnen ass.

Rezent Emissiounen

  • TripAdvisor fir Patienten

    Rezent ass déi digital Plattform Meopin online, wou ee sech iwwert d'Qualitéit vun den Zerwisser vun de Prestatairë kann informéieren.

  • Visiounen an Erausfuerderungen

    Den europäesche Sozial-Sommet vu Göteborg huet gewisen, wéi grouss nach d'Exigenzen un e soziaalt Europa sinn.
     

  • Wéi gesond ass d'Land?

    Am OECD-Rapport iwwert de Gesondheetszoustand vun de Populatiounen an der Europäescher Unioun kritt Lëtzebuerg eng gutt Zensur.

  • Winterlights a Wanteraktioun

    Fir d'Leit ouni en Daach iwwert dem Kapp, fir d'Strummerte geet elo nees déi schlëmmste Joreszäit un, de Wanter.   

  • Zockerséisst Gëft

    "Rethink your drink", eng Campagne vum Educatiounsministère, soll Jonker encouragéieren, am Plaz vu Softdrinks Waasser ze drénken.
     

  • 25 Joer an der Course géint den Doud

    De Programm Mammographie feiert seng 25 Joer. Bis haut goufen eng 320.000 Mammographië realiséiert. Knapps 2.000 Broschtkriibse goufen entdeckt. 

  • Liewen nom Schlag

    No engem Hireschlag ass näischt méi wéi virdrun. Dorobber huet d'Blëtz asbl am Kader vum Weltdag vum Hireschlag opmierksam gemaach.

  • Eng gesond Gesondheetskeess

    D'Quadripartite schwätzt sech fir Verbesserunge bei de medezineschen Traitementer a Prestatiounen aus.

  • Mat enger voller Keess an d'Zukunft

    D'Keess vun der Pensiounskeess ass gutt gefëllt. Bis 2050 brauche ee sech keng Suergen ze maachen. Fir d'Chambre des Salariés misst een awer iwwer Reformen nodenken.

     

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen